Charles Joseph Collart (1801-1834)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Industriellen Charles Joseph Collart (gebuer 1801). Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Charles Joseph Collart.
Charles Joseph Collart
Gebuer 13. August 1801
Gestuerwen 18. Dezember 1834
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Charles Joseph Collart, gebuer den 13. August 1801 zu Dummeldeng a gestuerwen den 18. Dezember 1834 zu Berbuerg, war en Industriellen zu Lëtzebuerg aus der Famill Collart.

Hie war als dat eenzegt Kand vum Fëschbecher Schmelzhär Hubert Joseph Collart um Dummeldenger Schlass op d'Welt komm. Seng Eltere sinn 1822 gestuerwen, wéi hien 21 Joer hat.

An der Mëtt vun den 1820er Joren huet hien déi zoue Schmelz zu Merkeshausen un der Prüm kaaft. Hien huet 1829 d'Erlabnes gefrot, d'Schmelz nees opzemaachen. Nodeem de Schmelzhär Nicolas Vincent Légier de 26. Januar 1827 gestuerwe war, a seng Wittfra zeréck a Frankräich wollt, huet de Collart d'Schlass an d'Schmelz vu Weilerbach un der Sauer kaaft.

Obwuel hien dräi Schmelzen hat, huet de Charles Joseph Collart, dee bis dohin a sengem Liewen ni e Frang huet missen ëmdréinen, Faillite gemaach. Hien hätt sech ze vill op seng Gerante verlooss ouni se ze kontrolléieren. Den 11. August 1832 huet de Collart d'Schmelz vu Merkeshausen, ob där schonn Hypothéike louchen, verkaaft. Hie war net méi kapabel fir déi lescht Tranchë vum Kafpräis vum Schlass an der Schmelz vu Weilerbach ze bezuelen. Weilerbach gouf schlussendlech de 15. November 1832 versteet a vum Antoine Servais vu Miersch (25. Dezember 1778-21. Dezember 1859) kaaft. Eent vum Servais senge siwe Kanner huet 26 Joer méi spéit eng Duechter vum Charles-Joseph Collart bestuet.

De Collart war mat der Maria Anna ("Minna") Edmine Philippine Baronesse von Heddesdorf vu Winningen op der Musel (1807-?) bestuet. D'Koppel huet och nodeem si finanziell Problemer krut weider op groussem Fouss gelieft. De Collart huet sou z. B. e grousst Fest zu Fëschbech geschmass wéi seng Duechter Caroline 1833 op d'Welt koum.

No der Faillite gouf hien depressiv. Seng Fra, déi fir d'zweet erwaart huet, ass bei d'Weckbeckeren op Münstermaifeld gezunn. De Collart selwer huet sech op Berbuerg zeréckgezunn an en Haus, dat sengem Monni gehéiert huet. Hie gouf schwéier krank. Seng Duechter Hyazinthe ass de 15. November 1834 op d'Welt komm. Ee Mount drop, den 18. Dezember 1834, ass de Charles Joseph Collart mat nëmmen 33 Joer gestuerwen.

De Fëschbecher Besëtz gouf 1836 vum fréiere Schmelzdirekter Auguste Garnier kaaft. Dem Collart seng Fra huet de Bësch dee bliwwen ass net als Ierfschaft beusprocht, soudatt e verkaaft gouf.

Seng Fra ass no hirem Mann sengem Doud op Koblenz geplënnert, ier se sech 1872 zu Miersch néiergelooss huet, wou hir Duechter Caroline (1833-1883) den 22. November 1858 de Jean Julien Joseph genannt Joseph Servais bestuet hat.

D'Famill Servais-Collart hat dräi Kanner: Edmine, Auguste, Félix. D'Caroline Servais-Collart war de 7. Mee 1870 an engem Zuch-Accident an der Dummeldenger Gare schwéier blesséiert ginn, Blesse vun deene si sech ni richteg erholl hat. Hir Schwëster Hyazinthe schéngt an d'Klouschter gaangen ze sinn a war Léierin an enger vun den éischte Spillschoulen zu Rolleng bei Miersch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Holzberger Hiltrud: "Zwischen Superreichtum und Bankrott: Leben und Familie des Carl Joseph Collart, Hüttenherr von Fischbach, Weilerbach und Merkeshausen", in: Heimatkalender Landkreis Bitburg-Prüm, Bitburg 1999, S. 174-179.