Joseph Servais
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Joseph Servais | |
---|---|
Gebuer | 20. Mäerz 1819 |
Gestuerwen | 1. Juli 1890 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Geschwëster | Emmanuel Servais, Philippe Servais |
Kanner | Félix Servais |
De Joseph Servais, gebuer den 20. Mäerz 1819 a gestuerwen den 1. Juli 1890[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen.
Hien huet de 26. Dezember 1868 als Haaptaktionär d'Zockerfabréck vu Miersch (S.A. Sucrière du Luxembourg) matgegrënnt a gouf hiren Direkter. Zu där Zäit war hien och Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch.
De Joseph Servais, Brudder vum Philippe an Emmanuel Servais war ee vun de fënnef Jonge vum Antoine Servais (1778-1859), deen eng Brennerei nieft dem Servais-Haus zu Miersch bedriwwen huet.
Hien huet sech den 22. November 1858 mat der Caroline Collart (1833-1883) bestuet, der Duechter vum Charles Joseph Collart. D'Koppel hat dräi Kanner: Edmine, Auguste, Félix.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "D'Industrië vun der Famill Servais" op industrie.lu