Philippe Servais

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Philippe Servais, gebuer de 5. Februar 1810 zu Miersch a gestuerwen den 22. November 1890 zu Kürenz engem Staddeel vun Tréier,[1] war e lëtzebuergeschen Industriellen.

Hie war Schmelzhär vun der Weilerbacher Schmelz.

Mat sengem Brudder Bernard huet hien de 17. Mäerz 1858 d'Kommanditgesellschaft Forges des Frères Servais ("Hollerecher Schmelz" oder "Servais-Schmelz" genannt) zu Hollerech gegrënnt an do zwéin Héichiewe baue gelooss.[2]

1862 hunn déi zwéin d'Schmelz vu Kolmer-Bierg gelount, an 1871 eng Konzessioun ugefrot fir eng Eise-Minière vun 165 ha um Territoire vun de Gemenge Nilvange, Algrange a Marspich z'exploitéieren.[2]

De Philippe Servais war den eelste Jong vum Antoine Servais a Brudder vum Staatsminister Emmanuel Servais.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Les industries de la famille Servais" op industrie.lu.
  2. 2,0 2,1 "Hollerëcher Schmelz - Servais Schmelz" op industrie.lu.