Hypothéik

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Eng Hypothéik ass e eng Form vu Pand oder Sécherheet déi en Immeubel (ausnamsweis och e mobilen Objet, wéi e Schëff oder Fliger) belaaschten. D'Hypothéik gëtt dem Creancier d'Recht, dat belaaschten Haus oder Grondstéck versteeën ze loossen, wann den Debiteur seng Schold net fristgerecht erëmbezuelt. Hypothéike gi meeschtens beim Kaf vun engem Haus oder Grondstéck opgeholl, a Verbindung mat engem Kredit (Hypothéikekredit). Eng Hypothéik ass en Droit réel (Usproch op eng Saach), am Géigesaz zum Droit personnel, deen den Usproch op d'Erëmbezuele vun enger Schold duerstellt.

An engem wäiten, iwwerdroene Sënn ass eng Hypothéik eng Belaaschtung vun der Zukunft. Sou kann ee soen, datt déi nazistesch Vergaangenheet vun Däitschland sech nom Zweete Weltkrich als eng schwéier Hypothéik fir déi jonk Bundesrepublik erausgestallt huet.

Forme vun Hypothéiken[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi verschidde Forme vun Hypothéiken:

  • Déi konventionell Hypothéik, déi mat engem Kontrakt opgeholl gëtt,
  • Déi legal Hypothéik, déi opgrond vun engem Gesetz zougestane gëtt, wéi:
    • legal Hypothéik fir d'Scholde géintiwwer dem Staat an den ëffentleche Kierperschaften
    • legal Hypothéik op d'Gidder vum Momper vun engem mannerjärege Kand oder op de Momper vun engem, deen net zourechnungsfäeg ass,
    • legal Hypothéik vum Staat op de Gidder vun de Contabele vum Staat.
  • Déi geriichtlech festgeluechten Hypothéik (op der Basis vun der Decisioun vun engem Geriicht)

Differenzéirung nom Bekanntheetsgrad vun enger Hypothéik[änneren | Quelltext änneren]

  • Agedroen Hypothéik (Am Hypothéikebuch agedroen)
  • Okkult Hypothéik (Legal Hypothéik, déi net oder nach net agedroen ass)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hypothéik – Biller, Videoen oder Audiodateien