Pand
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Pand (Recht))
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Pand ass eng Saach, déi hannerluecht gëtt, fir d'Erëmbezuele vun enger Schold sécherzestellen. E Pand ass en Droit réel (Usproch op eng Saach), am Géigesaz zum Droit personnel, deen Usproch op d'Zeréckbezuelen vun enger Schold) gëtt.
Verschidde Formen vum Pand
[änneren | Quelltext änneren]- Pand (fr.: gage) a Form vun enger Hypothéik op engem Immeubel am Géigesaz zu de Sécherheeten a Form vu Mobiliargidder.
- Pand a Form vun der Hannerleeung vu Wäertpabeieren (nantissement de titres).
- Ofsécherung a Form vun engem Fonds de commerce.
- Pand a Form vun der Hannerleeung vun enger Saach (Goldbarren z. B. am Fall vun engem Bankekredit).
- Kautioun am Sënn vu Bierg
- Aner Ofsécherungen
- Am alldeegleche Sproochgebrauch ass e Pand dacks Synonym vun enger Kautioun, déi een hannerleet fir engem anere säi Geschier, wéi eng Pandfläsch z. B. ze léinen.