Op den Inhalt sprangen

Bierg (Handel)

Vu Wikipedia

Als Bierg bezeechent een eng Drëttpersoun, déi sech bei enger Transaktioun eesäiteg engagéiert, fir am Fall wou den Debiteur net nokënnt mat bezuelen, dofir riichtzestoen.

D'Operatioun selwer gëtt als Biergschaft oder Kautioun bezeechent. Meeschtens gëtt e Bierg vun de Banke bei engem Kreditgeschäft als zousätzlech Ofsécherung vum Kreditrisiko gefuerdert, grad wéi beim Kaf oder Verloune vun Immeubelen, wann d'Garantië vun deem, dee keeft oder lount, net duer ginn.