Op den Inhalt sprangen

Gare Dummeldeng

Vu Wikipedia
Gare Dummeldeng
Loftbild vun der Dummeldenger Gare, zur Stroossesäit hin (2024)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1862
genannt no Dummeldeng
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Dummeldeng
Koordinaten 49°38'1,817"N, 6°8'12,048"O
Héicht i. M. 237 m
Reseau
Statiounscode Dm
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) CFL-Linn 1
P.K. 20,830 km
Gleiser 5
Gleiser mat Quai 3
Nopeschstatioun(en) Gare Walfer,
Gare Pafendall-Kierchbierg
Websäit https://www.cfl.lu/de-de/network/station/Gare-de-Dommeldange
Kaart
Lag vun der Gare Dummeldeng

D'Gare vun Dummeldeng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue de la Station am Quartier Dummeldeng vun der Stad Lëtzebuerg, rechtssäiteg vun der Uelzecht. Südlech vun der Gare läit d'Barriär PN13 iwwer d'Iechternacher Strooss.

D'Gare Dummeldeng läit tëscht der Gare Pafendall-Kierchbierg an där vu Walfer a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

D'Gare vun Dummeldeng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 148 Plazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.

Fréier war Dummeldeng eng wichteg Gare op der Nordstreck. Wéi d'Dummeldenger Schmelz nach a Betrib war, ass d'Minett mat der Eisebunn op Dummeldeng komm an déi fäerdeg Stolproduitë si vun hei aus uechter d'Land, an an d'Ausland gefouert ginn.

Mam Enn vun der Stolproduktioun op der Dummeldenger Schmelz huet den Trafick zwar ofgeholl, mä wéinst hirer Lag um ënneschten Enn vun der 13 ‰ géier Pente bis an d'Stater Gare huet d'Dummeldenger Gare weiderhi vill Zich passéiere gesinn. Déi schwéier Kocksrammen déi aus Däitschland iwwer d'Belsch an d'Minettsgéigend koumen, kruten hei eng weider Lokomotiv ugekrämpt ier et déi géi Pente an d'Stad erop goung.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Richtung Norden

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Pafendall-Kierchbierg   RB[1] RE   Walfer Ëlwen

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Pafendall-Kierchbierg   RB   Walfer Dikrech

Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen

[änneren | Quelltext änneren]
Péiteng Pafendall-Kierchbierg   RE   Miersch Miersch
Rodange Pafendall-Kierchbierg   RE   Walfer Ëlwen

Richtung Süden

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Dummeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. just zwéin Nuetszich de Weekend