Gare Kautebaach
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 1, 1b | ||||
PK | 62,021 (Linn 1) 0,00 (Linn 1b) | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 4 | ||||
Uertschaft | Kautebaach | ||||
Gemeng | Kiischpelt | ||||
Kanton | Wolz | ||||
Koordinaten | 49° 56’ 54’’ N 06° 01’ 20’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Kautebaach ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Giewelsmillen an der Gare Wëlwerwolz, respektiv der Gare Mäerkels, vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.
D'Gare Kautebaach huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Et ass och eng Bus-Gare do.
D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]
D'Gebai vun der Kautebaacher Gare gouf 1888 vun de Reichseisenbahnen in Elsaß-Lothringen gebaut. Seng Architektur vereenegt zwéi verschidde Stiler, dee vun engem Schwäizer Chalet an dee vun engem italieenesche Landhaus, wouduerch et eigentlech net zu engem traditionellen Duerfcharakter passt. Dësen Effekt war awer vun den éischte Bauhären erwënscht a sollt e Symbol si fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker.
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Terminus | Terminus | RB CFL-Linn 10 |
Mäerkels | Wolz | ||
Terminus | Terminus | RE CFL-Linn 10 |
Mäerkels oder Paradiso |
Wolz | ||
Lëtzebuerg | Giewelsmillen |
RE CFL-Linn 10 |
Wëlwerwolz | Ëlwen oder Gouvy | ||
Lëtzebuerg | Giewelsmillen |
IC CFL-Linn 10 |
Wëlwerwolz | Ëlwen / Liers |
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Gare vu Kautebaach: S. 122-123)
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Kautebaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Kautebaach op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Kautebaach op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Kautebaach op der Websäit Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|