InterCity

Vu Wikipedia

Den InterCity ass e speziellen Zuchservice deen et a verschiddenen europäesche Länner gëtt, an dee wéi den Numm et seet, déi grouss Stied matenaner verbënnt.

Vum InterRegio ënnerscheet e sech duerch méi laang Lafweeër, an e méi héije Qualitéitsstandard.

InterCity an der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Numm Relatioun Material
InterCity A OostendeEupen SNCB 13 mat Voituren I11
InterCity B BréisselAmsterdam SNCB 28 mat NS Voituren
InterCity C Antwerpen | Oostende - Kortrijk - Lille Automotrice AM 96
InterCity D Lille - Gare Namur - Herstal Automotrice AM 96
InterCity E Tongeren - Bréissel - Knokke | Blankenberge Automotrice AM 96 / SNCB 27 mat Voituren M6
InterCity F Quiévrain - Bréissel - Léck Automotrice AM 96 / SNCB 21 mat Voituren M4
InterCity G Oostende - Gent - Antwerpen Automotrice AM 96
InterCity H Mouscron - Ath - Schaerbeek SNCB 21 mat Voituren M4
InterCity I Charleroi - Bréissel - Essen SNCB 27 mat Voituren M6
InterCity J Lëtzebuerg | Arel - Bréissel Automotrice AM 96 / SNCB 13 mat Voituren M6
InterCity K Gent - Bréissel - Genk SNCB 27 mat Voituren M6
InterCity L Poperinge - Bréissel - Sint Niklaas Automotrice AM 80
InterCity M Bréissel - Léck | Dinant Automotrice AM 80 / SNCB 27 mat Voituren M6
InterCity N Charleroi - Bréissel - Antwerpen SNCB 27 mat Voituren M6
InterCity O Bréissel - Léck - Maastricht | Gouvy SNCB 13 mat Voituren I11
InterCity P Gent - Sint Niklaas - Antwerpen Automotrice AM 96
InterCity Q Léiwen - Mechelen - Antwerpen Automotrice AM 80
InterCity R Bréissel - Mechelen - Turnhout Automotrice AM 80

InterCity an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

InterCity a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich sinn d'InterCity an der SNCF-Mark Intercités , fréier Corail Intercités regroupéiert.

Haut ass den InterCity a Frankräich e Mëttelstreckenzuch dee mat Corail Voituren oder Automotricë gefuer gëtt.

Bis uganks der 1990er Joren huet de Reseau ganz Frankräich ëmfaasst an huet och laang Strecken enthalen, déi sinn awer wéinst dem TGV ewechgefall sinn.

Den Reseau ass haut op 19 Linnen zeréckgaangen, vun deenen der 10 vu Paräis ausginn, an der 9 déi grouss Stied an der Provënz matenaner verbannen. [1].

InterCity zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. De Reseau op der Websäit vun Intercités