Angoulême

Vu Wikipedia
Angoulême
Vue op Angoulême

Vue op Angoulême
Vue op Angoulême
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Charente
Arrondissement Angoulême
Kanton Chef-lieu vun 3 Kantonen
(1, 2, 3)
Postcode 16000
Gemengecode 16015
Koordinaten 44° 38’ 58’’ N
      00° 09’ 34’’ O
Fläch  2 185 ha
Bevëlkerung  41.955 (2014)

Angoulême ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng, an d'Prefektur vum Departement Charente an der Regioun Nouvelle-Aquitaine. Et huet knapps 42.000 Awunner an ass de Sëtz vun engem Bistum. Angoulême ass bekannt fir säin internationale Comics-Festival (Festival international de la bande-dessinée), deen do all Joers ass.

D'Alstad läit op engem bal 100 Meter héijen Hiwwel, ronderëm deen de Floss Charente eng Schlauf mécht. D'Stad selwer läit op enger Héicht vu 50 an 130 Meter Wéinst där Lag war se bis an d'18. Joerhonnert eng Festungsstad.

Ma schonn d'Gallier hate sech do néiergelooss, an d'Réimer hunn do eng Sidlung mam Numm Ecolisma (oder Iculisma) gegrënnt, déi spéiderhin Angoulesme genannt gouf. 507 huet de Merowenger Chlodwig I. se de Westgoten ofgeholl an am 9. Joerhonnert gouf se vun den Normannen geplëmmt. Am Mëttelalter war se d'Haaptstad vun der Grofschaft Angoulême an eng wichteg Etapp op der Via Turonensis, engem Strank vum Jakobswee. 1204 krut Angoulême vum englesche Kinnek Jean Sans Terre hir Stadrechter. Wärend den Hugenottekricher gouf se schwéier zerstéiert. Am 15. a 16. Joerhonnert war d'Stad en wichtegen Exportzentrum fir Wäiner, déi vun do an England an an Holland verschéckt goufen.

Am 19. an 20. Jh. ass d'Bevëlkerung gewuess, iwwerdeems Industrie ronderëm d'Stad entstanen ass, absënns d'Pabeierfabrécken.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • déi spéitromanesch Kathedral Saint-Pierre (1105–1128)
  • de Musée d'Angoulême
  • de Centre national de la Bande dessinée et de l'Image
Panorama vun Angoulême, vu Saint-Martin aus.

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Angoulême – Biller, Videoen oder Audiodateien