Charente (Floss)
|
D'Charente mat hire wichtegsten Nieweflëss | |
| Längt | 381 km |
|---|---|
| Debit | 40 m³/s |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 10.549 km² |
| Originn | |
| Originn | Quell |
| Plaz | bei Chéronnac |
| Héicht | 308 |
| Koordinaten |
45° 45’ 21’’ N 00° 46’ 15’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | Atlantik |
| Plaz | bei Rochefort |
| Héicht | 0 |
| Koordinaten |
45° 57’ 15’’ N 01° 04’ 32’’ O |
| Haaptnieweflëss | Antenne |
| Geographie | |
| Land | Frankräich |
| Uertschaften |
Angoulême, Cognac, Saintes, Rochefort Saint-Yrieix-sur-Charente, Jarnac, Tonnay-Charente |
|
| |
| Code SANDRE | R---0000 |

D'Charente ass en 381 km laange Stroum am Weste vu Frankräich, an der Regioun Nouvelle-Aquitaine. Si entspréngt um Territoire vun der Gemeng Chéronnac, am Kanton Rochechouart, leeft ufanks a Richtung Nordwesten an dréint da bei Civray a südlecher Richtung bis op Angoulême. Do geet et dann an Direktioun Weste virun, laanscht Jarnac a Cognac, bis op Saintes. Do mécht se d'Kéier no Nordwesten, fir dann ënnert Rochefort a vis-à-vis vun der Île d'Oléron, an de Golf vu Biscaya an den Atlanteschen Ozean ze mënden.
Op de ronn 150 km vun der Mëndung bis op Angoulême erop ka se mat Schëffer befuer ginn.Vu Saint-Savinien un ass den Afloss vun de Gezäiten ze spieren. Historesch ass d'Charente e wichtegen Transportwee fir de Wäibrand, deen no der Stad mam selwechten Numm Cognac genannt gëtt.
D'Charente leeft duerch d'Departementer Haute-Vienne, Vienne, Charente a Charente-Maritime. Deenen zwéi leschten huet se hiren Numm ginn.
Nieweflëss
[änneren | Quelltext änneren]|
Vu lénks: |
Vu riets: |
Uertschaften um Floss
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Charente (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche vun der Charente beim Sandre (sandre.eaufrance.fr)
