Blankenberge
Ausgesinn
| Blankenberge | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit |
|
| Provënz |
|
| Arrondissement | Bruges |
| Awunner | 20.349 (1. Januar 2018) |
| Fläch | 1.741 |
| Koordinaten |
51° 18’ 54.25’’ N 03° 07’ 51.78’’ O |
| Telefonszon | 050 |
| Postcode | 8370 |
| Websäit | https://www.blankenberge.be/ |
|
| |
|
| |
Blankenberge ass eng Uertschaft a Gemeng déi an der Belsch an der Provënz Westflandern, um Nordmier läit.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]An der Regioun ëm Blankenberge si Reschter vu Siidlungen aus prehistorescher Zäit fonnt ginn. Duerno war d'Regioun vun de Gallier, Réimer a Franke bewunnt.
Tourismus ass ëm 1750 opkomm, wéi déi éischt Bierger aus der räicher Handelsstad Bruges zu Blankenberge Vakanz gemaach hunn.
Transport
[änneren | Quelltext änneren]Blankenberge läit op der Streck vum Kusttram, an huet 5 Tramhalten op där Streck. Donieft assuréiert d'SNCB e Stonnentakt mat InterCityzich.
Am Summer ass Blankenberge ënner der Woch den Terminus vun zwéin Zich vum InterCity J, sonndes an op Feierdeeg fiert de Lëtzebuerg-Blankenberge-Express.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]

- D'Kierch Sint-Antonius;
- D'Kierch Sint-Rochus;
- Dat fréiert Gemengenhaus am flämesche Renaissancestyl aus dem Joer 1680, dat eelst Gebai an der Gemeng;
- D'Digue mat de stengen Trapen no all Richtung;
- De Casino;
- D'Pier, déi 2003 no längere Renovatiounen erëm opgoung;
- D'Serpentarium, dat en Zoo mat nëmme Reptiller ass;
- De Sea-Life Centre, wou een d'Ënnerwaasserfauna a -flora entdecke kann;
- De Liichttuerm vu Blankenberge;
- De Paravent am Hafen;
- De Centre Belle Époque mat Ausstellungsstécker aus der Belle Époque zu Blankenberge.
bekannt Persoune vu Blankenberge
[änneren | Quelltext änneren]- Pieter Aspe, Schrëftsteller;
- Rudi Pillen, Kënschtler;
- Patrick Riguelle, Museker a Sänger.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Blankenberge – Biller, Videoen oder Audiodateien |
