Damme (Belsch)

Vu Wikipedia
Damme
Land Belsch
Awunner 11.008 (1. Januar 2018)
Fläch 89,52 km²
Koordinaten 51°15'N, 3°17'O
Telefonszon 050
Postcode 8340
Websäit https://www.damme.be
D'Stadhaus vun Damme

Damme ass eng belsch Stad an der Provënz Westflandern, 6 km nordëstlech vu Bruges. Dozou gehéieren ausserdeem d'Uertschaften Hoeke, Lapscheure, Moerkerke, Oostkerke a Sijsele. Den 1. Januar 2006 hunn an der Gemeng 10.899 Leit gelieft. D'total Fläch ass 89,52 km².

Am 13. Joerhonnert war Damme den Hafe vu Bruges. Dësen ass awer no an no versant, am 19. Joerhonnert huet den Napoleon d'Damse Vaart, e Kanal uleeë gelooss, dee Bruges mat Sluis op der Westerschelde verbanne sollt; dobäi gouf en Deel vun der Stad ofgerappt, fir dem Kanal Plaz ze machen.

Haut ass et eng beléift Plaz fir eraus iessen ze goen, oder en Tour mam Schëff ze maachen. Zanter e puer Joer zielt Damme och zu de Bicher-Dierfer; reegelméisseg gi Bicherfoiren oder-mäert ofgehalen.

Bekannt Leit zu Damme waren de Jacob van Maerlant, e mëttelalterlechen Dichter a Chronist, an de Karel Verleye, deen de Collège d'Europe vu Bruges gegrënnt huet, an zu Damme 2002 gestuerwen ass.

De Schrëftsteller Charles de Coster huet am 19. Joerhonnert La Légende de Thyl Ulenspiegel (Till Eulenspiegel) zu Damme spille gelooss.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Damme – Biller, Videoen oder Audiodateien