InterCity J

Vu Wikipedia
D'CFL 3005 zu Arel, um Krop en InterCity J mat M6'er fir op Bréissel.

Den InterCity J (IC J) war e belschen Zuch dee Bréissel-Midi mat Arel verbonnen huet. Bis op e puer Ausname gouf déi Verbindung ëmmer bis op d'Gare Lëtzebuerg verlängert, an hat hiren Urspronk fir de Retour och nees op der Stater Gare. Duerch d'Modifikatioune vun 2014 an 2017 gouf déi Linne mam IC-16 a mam IC-34 ersat.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Den InterCity J ass iwwer follgend Linne gefuer:

An der Belsch:

Zu Lëtzebuerg:

D'Streck ass integral mat 3KV Gläichstroum elektrifizéiert. D'Referenzvitess läit bei 130 km/St.

Am Summer goufe moies fréi zwéin Zich bis Oostende oder Blankenberge verlängert.

Am Kader vum Amenagement vun der Linn 162 war den Asaz vu sougenannte Pendulaire-Zich an der Diskussioun. Déi Zich kéinten trotz ville Kéieren eng héich Vitess bäibehalen, wat den Trajet op knapps iwwer 2 Stonne kéint drécken.

Horaire[änneren | Quelltext änneren]

Den Horaire 2010 huet virgesinn, datt all Stonn 1 Zuch an all Richtung op där Verbindung fiert. A Richtung Bréissel fiert den éischten Zuch mueres um 4:45 Auer zu Arel fort an de leschten owes um 21:20 Auer an der Stad, woubäi deen Zuch an der Woch zu Namouer säin Terminus huet an um Weekend zu Jemelle.

Vun der Gare du Midi erfort fiert den éischten Zuch wiertes, moies um 5:30 Auer, um Weekend um 6:30 Auer an de leschten owes um 20:30 Auer.

Well déi regulär Zich 3 Stonne brauchen, goufen et 4 Schnellzich an all Richtung déi nëmmen op de wichtegste Garen hale bleiwen an dowéinst nëmmen 2 Stonnen an 30 Minutte brauchen.

Material[änneren | Quelltext änneren]

D'Material fir déi Relatioun bestoung an der Reegel aus 2 belschen AM 96 dei ënner Ëmstänn zu Arel mat enger weiderer Automotrice verstäerkt goufen. Bis den 28. Mee 2000 sinn AM 80 op der Streck gelaf.

An der Woch bestounge 4 Relatioune mueres a 4 Relatiounen owes aus belschen M6 Voituren déi entweeder vun enger T13/CFL3000 oder enger HLE20 gezu goufen.

2 vun de Verbindunge goufe mat fréieren EuroCity-Zich gefuer an haten dowéinst eng gemëscht Kompositioun. Den EuroCity Vauban bestoung aus Schwäizer Eurofima-Voituren, souwéi belschen I6'er an I10'er. Den EuroCity Jean Monnet bestoung aus enger Corailsramm vum TER Alsace. Béid Schnellzich goufe vu belschen 20'er gezunn.

Garen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]