Gare Bréissel-Schuman

Vu Wikipedia
D'Gare.

D'Gare Bréissel-Schuman (fr: Bruxelles-Schuman; nl: Brussel-Schuman) ass eng Gare zu Bréissel. Se läit op der Infrabel-Linn 161 tëscht de Garë Bruxelles-Luxembourg a Bréissel-Nord, an op der Infrabel-Linn 161A tëscht de Gare Bruxelles-Luxembourg an der Gare Schaerbeek-Formation. D'Gare huet eng direkt Verbindung mat der Metrostatioun, déi och Schuman heescht, an déi vun de Linnen 1 a 5 ugefuer gëtt.

D'Gare Bréissel-Schuman ass gréisstendeels ënnerierdesch, ënner der Rue de la Loi. Si huet zënter uganks 2016 véier Gleiser a véier Quaien, dat, nodeems d'Linn 161A duerch en neigebauten Tunnel nei ugeluecht gouf, an d'Gare, wéi och d'Metrosgare, komplett renovéiert goufen.

Hiren Numm huet se vum Rond-Point Robert-Schuman nobäi, dee sengersäits nom Politiker Robert Schuman benannt ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schuman station, Brussels – Biller, Videoen oder Audiodateien