Gare Arel

Vu Wikipedia
Arlon
Land Belsch
Uertschaft Arel
Koordinaten 49° 40’ 49’’ N
      5° 48’ 34’’ O
Charakteristiken
Gleiser 8 (5 fir Persounenzich)
Quaien 3
P.K. 135,80


D'Gare Arel ass eng Gare um Terrain vun der Gemeng Arel déi op der Infrabel-Linn 162 läit an en Uschloss un d'CFL Linn 5 huet.

D'Gare huet 3 Quaien déi fir de Passagéiertrafic accessibel sinn.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

  • De 7.Oktober 1858 huet deen éischten Zuch Arel aus Richtung Bréissel erreecht. Deemools huet ee knapps 5 Stonne fir den Trajet gebraucht.
  • Dat haitegt Gebai vun der Gare gouf 1885 vum deemolege Provënzialarchitekt Jean-Louis Van de Wyngaert entworf a vun der nationaler Belscher Eisebunnsgesellschaft gebaut. D'Gebai besteet aus loutrengeschem Sandsteen a gëllt haut als eent vun de schéinste Gebaier aus deem Steen.
  • 1951 wëll d'SNCB, wéinst der Elektrifizéierung vun der Linn 162 d'Quaie méi héich leeën. De Spillraum tëscht dem Quai an dem Gebai selwer erweist sech als sou kleng datt kuerzerhand de ganze Buedem am Gebai ugehuewe gëtt.
  • 1988 gouf d'Salle d'Attente eng éischt Kéier renovéiert.
  • 2002 gouf d'Gare du vu Grond op renovéiert. D'Fassad gouf restauréiert an den éischte Quai gouf komplett nei geluecht. Zäitgläich gouf d'Plaz virun der Gare neigemaach.
  • 2007 gouf den Iwwerdaach op de Quaie restauréiert an erëm an den Zoustand vun 1885 versat. Bis 2012 wëll Infrabel och den Interieur vun der Gare restauréiere loossen.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Arel Nächst Halt A Richtung
Bréissel-Midi Marbehan   IC 16 / IC 34   Lëtzebuerg Lëtzebuerg
Bréissel-Midi Marbehan   EC Vauban   Lëtzebuerg Chur
Bréissel-Midi Libramont   EC Iris   Lëtzebuerg Zürich
Bréissel-Midi Namur   EC Jean Monnet   Lëtzebuerg Basel
Terminus Terminus   L   Viville Libramont
Terminus Terminus   L
CFL-Linn 80
An der Woch
  Miezeg Virton / Libramont

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Arel – Biller, Videoen oder Audiodateien