Op den Inhalt sprangen

EuroCity 295/296 Jean Monnet

Vu Wikipedia
Den EuroCity 296 um Krop vun der 26148 an der Stater Gare

Den Eurocity 295/296 Jean Monnet ass en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Basel verbënnt. En ass nom franséischen Europapionéier Jean Monnet benannt.

Streckeverlaf

[änneren | Quelltext änneren]

A Richtung Norden dréit den Zuch d'Lafnummer 296 an ass tëscht der Stad Lëtzebuerg an Bréissel an de Fuerplang vum InterCity J intégreiert.

A Richtung Süden dréit den Zuch d'Lafnummer 295.

Den Zuch besteet aus enger Ramm Corail Voiturë vum TER Alsace déi bis 200 km/h zougelooss sinn. Dat ass wichteg well den Zuch tëscht Stroossbuerg a Colmar, an der Plaine d'Alsace déi Héchstvitesse erreecht.

Den Zuch gëtt tëscht Bréissel a Lëtzebuerg vu belschen 20'er gezunn. Um franséischen Deel vun der Streck sinn exklusif 26000'er am Asaz, well si, als eenzeg franséisch Lokomotive fir de Persounentrafic, 200 km/h fuere kënnen.

Entstanen ass den EC Jean Monnet aus dem EuroCity 295/296 Edelweiss, dee fréier Amsterdam mat Basel via Maastricht an Gouvy, an spéider via Bréissel, verbonnen huet an 1999 opgi gouf. Fir en Ersatz ze proposéieren huet d'SNCB en Zuch Bréissel - Stroossbuerg agefouert, deen aus nëmmen 3 Voiturë bestanen huet a kee grousse Succès war. Eréischt 2004, nodeem e bis Basel verlängert gouf, huet den Zuch méi Zousproch fonnt.

Et gëtt eng Diskussioun ob de "Jean Monnet" iwwerhaapt ënner dem Label "EuroCity" lafen däerf, well den Zuch zwéi vun de Krittäre vun Ufank un net respektéiert huet: E huet keng Restaurantsvoiture an huet, virun allem an der Belsch, vill ze vill Halten.

Haut ass de "Jean Monnet" en Express dee vill vum Glanz vun de fréieren TEE-Zich verluer huet an och mat den EC-Zich net méi mathale kann. D'Zukunft vum Zuch ass ongewëss well d'Verbindung tëscht der Schwäiz, dem Elsass a Bréissel haut mat TGV an Thalys iwwer Paräis méi séier ass wéi d'Verbindung iwwer Lëtzebuerg. Et gëtt och keng grouss Ustrengungen ënnerholl fir den Zuch erëm méi attraktiv ze maachen.