Diskussioun:InterCity J

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Am Artikel ginn de Vauban an de Jean Monnet opgezielt.

Fiert den Iris net méi?

Les Meloures 21:07, 10. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech fannen dass an dësem Artikel bal elauter Detailer stinn, déi vun haut op mar (oder vu Fahrplangwiessel zu Fahrplangwiessel) kënnen änneren. Also misst den Artikel dauernd op Aktualitéit iwwerpréift ginn, wat ech perséinlech fir kaum realiséierbar halen. Wa mer elo higinn a mir sträichen all déi Détailer déi séier ännere kënnen, da fäerten ech bleift näischt méi Rescht. Dofir sinn ech der Meenung dass den Artikel enzyklopedesch kee Sënn mécht a roueg kinnt geläscht ginn. -- Pecalux 09:16, 11. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech hun en geschriwwen, also kann ech en och aktuell haalen... Oder wei gesi dir daat??[Quelltext änneren]

Dach, den Iris fiert mee deen ass weder um Aller nach um Retour an den Fahrplang vum Intercity J intégréiert. Plus, all di eehemoleg EC'en hun hieren Status als EC verluer an duerfen net mei als solch genannt ginn.

Den eenzegen Deel deen kuerzfristeg kéinnt änneren, ass deen iwwert d'Horraire'en. -- (Interventioun vum Luxmaster051)

"all di eehemoleg EC'en hun hieren Status als EC verluer an duerfen net mei als solch genannt ginn" steet hei uewendriwwer. Den aktuelle Fahrplang vun der DB gesäit dat anescht. Haut, den 11/03/10, fueren tëscht Augsbuerg a Richtung München d'EC'en 317, 113, 115, 319, 117 an 391 a warscheinlech grad esou vill an der anerer Richtung. Deemno schéngt DB sech net un international Konventiounen ze halen. -- Pecalux 10:32, 11. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


=> Nee, di 3 Schnellzich dei tescht Bréissel an der Schwaiz fueren, duerfen deen Status net mei hun, well se z.b. keen Waggon Restaurant dobei hun an well se un ze villen Garen haalen. => An vir mol eppes zu aerem commentaire ze soen, wann ech mer schon d'Méi maachen vir den Site ze fëllen, dann geing ech dach awer mei erwaarden ewei en "dass den Artikel enzyklopedesch kee Sënn mécht a roueg kinnt geläscht ginn". Wann der sou mat Leit emsprangt dei Ierch wellen hellefen den Site mat Matière ze fellen, ma dann en gudden Nuescht.(Nach eemol den Luxmaster051)


Gudden Owend,
Ech ginn dann och mäi klenge Pefferkär derbäi.

1) Ech sinn net derfir datt den Artikel sollt geläscht ginn, en ass menger Meenung no grad esou vill wäert, wéi dee vum InterRegio m, soss misst deen och geläscht ginn.

2)Wat de Fahrplang ugeet do soll een en Datum drasetzen, Wéi z.B Am Fahrplang vun der SNCB sinn d'Horaire fir 2010 esou fesgeluecht: ...., oder eng Referenz abauen déi dann dat selwecht seet, just datt déi Informatioun dann als Referenz ënner dem Artikel steet. Fir ze wësse wéi dat geet kuckt einfach den Artikel Frontalier an da just d'selwecht maachen.

3) Ad Luxmaster: Sech.w.e.g. net direkt op d'Zéiwe getrëppelt fillen. Et ass normal datt all neie Benotzer am Ufank e bësselchen op d'Fangere gekuckt kritt, an datt Krtiken opkommen. Domatter ass nach kengem wéi gedoen. Jidderee schreift am Ufank hei iwwer Saachen, déi hien am meeschten intresséieren, dat ass och gutt esou, well soss wieren déi Leit net do.

4)An der Rumm vun der Wikipedia, wier et natierlech besser mat engem Haaptartikel unzefänken, wéi InterCity-Linnen (domat sin déi belsch gemengt) oder EuroCity, wou da schonn d'Haaptsaachen erkläert ginn. Da kommen duerno keng Nofroe méi wéi elo hei uewendriwwer. Mä wat net ass ka jo nach ginn. Ech muss awer zouginn datt ech mech selwer och net ëmmer un déi Spillregelen halen, ech schreiwen och dacks just en Artikel well dat mer an deem Ament Spaass mécht, an dat ass nach ëmmer besser wéi keen ze schreiwen. No an no sammelt sech da schonn eppes zesummen, an dat ass dat wichtegst.

5)D'Opfaassung iwwer esou Artikelen ass vu Wiki zu Wiki verschidden. Déi eng sinn drop aus fir vill Detailartikelen ze maachen an déi aner net. E gutt Beispill dofir ass den Artikel EuroCity op de verschiddene Wikien. Déi eng zielen der nëmmen e puer op, wéi op der fr:Wiki (allerdéngs mat Link deen op e gewënschten Artikel weist), déi anner zielen se all op ouni Linken op Detailartikelen. Wéi gesot do ginn d'Meenungen dacks auserneen.

6)Nach e Wuert zum aktuell halen. Dat ass en Thema dat besonnesch bei onse Sports- a Sportlerartikelen opfällt. Déi eenzeg déi reegelméisseg aktualiséiert ginn, sinn déi am Vëlossport, well do d'Fliedermaus en A drop huet. All déi aner vu Foussballsequippe bis d'Formel-1 Fuerer loossen all ze wënschen iwwreg. Dat schlëmmst Beispill ass awer do den Artikel Aktualitéit. Deen ass aktuell bis op de Mee 2009. Et bleiwen deemno nach e Koup aner Hënn ze beetschen.

Les Meloures 22:17, 11. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]