Gare Mäerkels
![]() Vue op d'Mäerkelsser Gare mat der Barriär PN6 (2025) | |
ass eng | Gare, Halt op Ufro |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1881 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Kiischpelt |
Uertschaft | Mäerkelsser Millen |
Koordinaten | 49°57'23,00"N, 5°58'54,01"O |
Héicht i. M. | 286 m |
Reseau | |
Statiounscode | Mk |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Linn(en) | Eisebunnsstreck Kautebaach-Wolz |
P.K. | 4,482 km |
Gleiser | 1 |
Gleiser mat Quai | 1 |
Passagéier/Joer | 6.253 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Kautebaach, Gare Paradiso |
![]() | |

D'Gare vu Mäerkels ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Et ass eng “Halt op Ufro”, dat heescht, et muss een dem Chef de train Bescheed soen, fir erausklammen ze kënnen, oder um Quai wénken, fir matgeholl ze ginn. D'Mäerkelsser Gare läit op der Mäerkelsser Millen an der Gemeng Kiischpelt, eng ronn 500 Meter Loftlinn vun der Uertschaft Mäerkels ewech. Iwwer d'Strooss ass et déck annerhallwe Kilometer bis an d'Duerf. Direkt nieft der Gare a Richtung Kautebaach ass d'Barriär PN.6 iwwer deen den CR331A féiert.
D'Gare Mäerkels läit tëscht der Gare Kautebaach an der Gare Paradiso a gehéiert zur Linn Kautebaach - Wolz, enger Niewelinn vun der Linn Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) vum CFL-Zuchreseau.
Bei der Gare gëtt et weeder Parkplazen, nach eppes fir Vëloen ënnerdaach ze stellen.
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Linn Kautebaach ↔ Wolz
[änneren | Quelltext änneren]Richtung Wolz
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Kautebaach | Kautebaach | RB[1] | Paradiso[2] | Wolz | ||
Kautebaach | Kautebaach | RE | Wolz | Wolz |
Richtung Kautebaach
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Wolz | Paradiso[2] | RB[1] | Kautebaach | Kautebaach | ||
Wolz | Wolz | RE | Kautebaach | Kautebaach |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Mäerkels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Mäerkels op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Mäerkels op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Mäerkels op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg