Op den Inhalt sprangen

Gare Ettelbréck

Vu Wikipedia
Gare Ettelbréck
Déi al Gare vun Ettelbréck
(am Mäerz 2022 ofgerappt)
ass eng Trenngare
Status am Gebrauch
opgaang 1862
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ettelbréck
Uertschaft Ettelbréck
Koordinaten 49°50'49,99"N, 6°6'23,98"O
Héicht i. M. 200 m
Reseau
Statiounscode Eb
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
P.K. 47,184 km, 0,00 km, 52,153 km
Gleiser 4 (+3 Rangéiergl.)
Gleiser mat Quai 4
Nopeschstatioun(en) Gare Méchela,
Gare Dikrech,
Gare Schieren
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Ettelbruck
Kaart
Lag vun der Gare Ettelbréck

D'Gare vun Ettelbréck ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit tëscht der N7 (Rue Prince Henri / Rue de la Gare) an der Uelzecht an der Sektioun Ettelbréck an der Gemeng mam selwechten Numm.

D'Gare Ettelbréck gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

Se ass do dernieft nach Terminusgare vun de Gidderzich op der Linn vun / op Biissen.

Op de Quai 2 (Gleiser 1 an 3) féiert nëmmen eng Ënnerféierung mat Trapen, op déi Manéier ass d'Gare net fir Leit mat Rullstill ageriicht.

D'Gare Ettelbréck huet e Park & Rail-Parking mat 110 Parkplazen. Vun 2024 un(Stand: Nov. 2020), soll en neie Park-and-Ride-Parking zousätzlech Plaze bidden.[1]

Déi éischt Ettelbrécker Gare gouf vun der Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg gebaut an ass 1862 opgaangen. Vun 1880 u war s'och Terminus vun der Atertlinn (vu Péiteng op Ettelbréck), bis déi Streck den 23. September 1967 zougemaach gouf. D'Gare vun Ettelbréck ass awer bis haut nach Terminus vun deem Deel vun der Streck (2b) dat nach besteet an iwwer déi nach Gidderzich op Colmer-Bierg an op Biissen (Neelfabréck) fueren.

Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Ettelbréck den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[2].

Eng nei Gare fir Ettelbréck

[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Dezember 2014 huet d'Chamber mat 57 Jo- an 3 Nee-Stëmmen e Gesetz gestëmmt, dat et erlaabt, en neit Garëgebai, mat dobäi enger neier Busgare, neie Quaien, engem Park and ride mat 430 Plazen, an enger neier Stroossenënnerféierung ze bauen. D'Aarbechte sollten 2015/2016 ufänken a 5 Joer daueren. De geschate Käschtepunkt louch sengerzäit bei 156,5 Milliounen Euro.[3]

Bis 2019 bestoung nieft der Gare nach eng Annex vum CFL-Busdéngscht; déi ass awer zougemaach a mam engem neien Depot zu Iechternach ersat ginn.[4]

Am November 2020 waren d'Bauaarbechte fir en 3. Quai fäerdeg[1]. Fir dat ze maache goufen e puer Gleiser ewechgerappt an anerer frësch verluecht.

D'Geneemegung fir d'Gebai vun 1862 ofzerappe gouf den 20. Abrëll 2021 vum Ettelbrécker Buergermeeschter ausgestallt. En etlech Leit, an d'Asbl Ettelbréck 21, hunn dogéint protestéiert, datt dat aalt Gebai verschwanne misst. D'Ofrappaarbechte hätte sollen am Oktober 2021 ufänken[5],[3], schlussendlech war dat Enn Mäerz 2022 de Fall.[6]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Richtung Norden

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Schieren   RB[7]   Méchela Ëlwen
Lëtzebuerg Miersch   RE   Méchela[8] oder

Giewelsmillen

Ëlwen
Lëtzebuerg Miersch   IC   Méchela Gäilech

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Schieren   RB   Dikrech Dikrech

Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen

[änneren | Quelltext änneren]
Rodange Miersch   RE   Giewelsmillen Ëlwen

Richtung Süden

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 "Drëtte Quai zu Ettelbréck ka vun elo un ugefuer ginn." rtl.lu, 09.11.2020 11:21.
  2. (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
  3. 3,0 3,1 "Chamber decidéiert: Ettelbréck kritt eng ganz nei Gare." rtl.lu, leschten Update: 09.12.2014, 18:07:10.
  4. (fr)On déménage! : Gares d'Echternach et d'Ettelbruck: les dépôts de bus vont disparaître. infos.rtl.lu. Gekuckt de(n) 06.02.2025.
  5. Marc Hoscheid, Demo gegen Demolierung, Luxemburger Wort,
  6. "Ettelbrécker Gare: Aalt Gebai vun der Gare gëtt zanter e Méindeg ofgerappt." rtl.lu, 28.03.2022.
  7. just zwéin Nuetszich de Weekend
  8. just de Weekend an op Feierdeeg, als Ersatz fir den IC