Gare Colmer-Bierg
![]() An der Colmer Gare (2022) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1862 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Schieren |
Uertschaft | Colmer Bréck |
Koordinaten | 49°48'54"N, 6°6'6"O |
Héicht i. M. | 214 m |
Reseau | |
Statiounscode | Cb |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 43,232 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 103.199 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Schieren, Gare Kruuchten |
![]() |

D'Gare vu Colmer-Bierg ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um CR123 beim Lieu-dit Colmer Bréck an der Gemeng Schieren, um rietsen Uwänner vun der Uelzecht. Iwwer d'Gare leeft de Colmer Viaduc vun der A7.
D'Gare Colmer-Bierg läit tëscht der Gare Kruuchten an där vu Schieren a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen[1],
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech.
D'Gare Colmer-Bierg huet e gratis Park & Rail-Parking mat 150 Parkplazen an zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Se huet e Passage ënner de Gleiser fir vun engem Quai op deen aneren ze goen. Dëse Passage ass net adaptéiert fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Vum südleche Quai aus besteet fir Foussgänger a Vëlosfuerer eng Verbindung iwwer d'Uelzecht fir an d'Duerf Colmer ze kommen. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Kruuchten | RB[1] | Schieren | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Kruuchten | RB | Schieren | Dikrech |
Richtung Süden
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Gesamtvue (2008).
-
Gleiser a Quaien (2014).
-
Viischt Fassad vum Gebai.
-
D'Nordstrooss (A7) leeft direkt iwwer d'Gare.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Colmer-Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |