Gare Heeschdref
![]() D'Heeschdrëffer Gare (2025) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1993 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Steesel |
Uertschaft | Heeschdref |
Koordinaten | 49°40'30,65"N, 6°8'22,16"O |
Héicht i. M. | 235 m |
Reseau | |
Statiounscode | Hd |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 25,530 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 95.689 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Luerenzweiler, Gare Walfer |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Heisdorf |
![]() | |
D'Gare vun Heeschdref ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue du Cimetière an der Sektioun Helsem vun der Gemeng Walfer. Südlech vun der Gare läit d'Barriär PN18 iwwer d'Rue de la Forêt Verte.
D'Gare Heeschdref läit tëscht der Gare Walfer an där vu Luerenzweiler a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen[1],
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare vun Heeschdref gouf eréischt 1993 gebaut, nodeem de Transportministère an en däitschen Ingenieursbüro dat an engem Strategiepabeier zur Optimiséierung vum Transport iwwer d'Schinn recommandéiert haten.
D'Gare Heeschdref huet e gratis Park & Rail-Parking mat just 11 Plazen a 1 speziell Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Walfer | RB[1] | Luerenzweiler | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Walfer | RB | Luerenzweiler | Dikrech |
Richtung Süden
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Heeschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Heeschdref op der CFL-Websäit
- D'Gare Heeschdref op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Heeschdref op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg