Op den Inhalt sprangen

Gare Paradiso

Vu Wikipedia
Gare Paradiso
D'Gare Paradiso op der Streck Kautebaach-Wolz
ass eng Gare, Halt op Ufro
Status am Gebrauch
opgaang 1997
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Uertschaft Tutschemillen
Koordinaten 49°57'55,015"N, 5°57'10,987"O
Héicht i. M. 316 m
Reseau
Statiounscode Pa
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) Eisebunnsstreck Kautebaach-Wolz
Linn(en) Eisebunnsstreck Kautebaach-Wolz
P.K. 7,100 km
Gleiser 1
Gleiser mat Quai 1
 
Nopeschstatioun(en) Gare Mäerkels,
Gare Wolz
Kaart
Lag vun der Gare Paradiso

D'Gare Paradiso ass eng Halt vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Et ass eng “Halt op Ufro”, dat heescht, et muss een dem Chef de train Bescheed soen, fir erausklammen ze kënnen, oder um Quai wénken, fir matgeholl ze ginn. D'Gare Paradiso läit bannent enger Meander vun der Wolz am Flouer Bei der Tutschemillen an der Sektioun Wegdichen vun der Gemeng Wolz.

D'Gare Paradiso läit tëscht der Gare Mäerkels an der Gare Wolz a gehéiert zur Linn Kautebaach - Wolz, enger Niewelinn vun der Linn Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) vum CFL-Zuchreseau.

Bei der Gare gëtt et weeder Parkplazen, nach eppes fir Vëloen ënnerdaach ze stellen.

D'Halt ass eigentlech ugeluecht gi fir de Scoutshome Chalet Paradiso ze bedéngen, deen am fréiere Gardshaischen ass, an deen dem Arrêt säin Numm ginn huet. E weidere Scoutschalet, de Chalet Jim, läit op der Tutschemillen, 200 m a Richtung Wolz, an eng ronn 500 weider an Direktioun Wegdichen läit d'Campingsplaz Camp Aigle vun de Wëlzer Scouten.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Linn Kautebaach ↔ Wolz

[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Wolz

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Kautebaach Mäerkels[1]   RB[2]   Wolz Wolz
Kautebaach Kautebaach   RE   Wolz Wolz

Richtung Kautebaach

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Wolz Wolz   RB[2]   Mäerkels[1] Kautebaach
Wolz Wolz   RE   Kautebaach Kautebaach
 Commons: Gare Paradiso – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 hält just op Ufro
  2. 2,0 2,1 just de Weekend an op Feierdeeg