Gare Schieren
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() En Dosto an der Gare vu Schieren | |||||
Streck | 1, 2b | ||||
PK | 44,950 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 3 | ||||
Uertschaft | Schieren | ||||
Gemeng | Schieren | ||||
Kanton | Dikrech | ||||
Koordinaten | 49° 49’ 47’’ N 6° 05’ 43’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Schieren ass haut eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Colmer-Bierg an der Gare Ettelbréck vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Bis den 23. September 1967 war et nëmmen eng Gare vun der Atertlinn. Méi spéit gouf se ëmgebaut an als Gare vun der Nordstreck a Betrib geholl.
An der Gare leien zwee Gleiser fir Nordstreck an eent fir d'Atertlinn, déi awer nëmmen nach bis op Biissen befuerbar ass. Nieft der Gare ass d'Barrière op der rue du Moulin.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.
D'Gare Schieren huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Colmer-Bierg | RB CFL-Linn 10 |
Ettelbréck | Dikrech |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Schieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Schieren op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Schieren op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Schieren op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|