Park & Rail-Parking



E Park & Rail-Parking si Parkplazen, déi nieft enger Gare ugeluecht sinn, fir et den Zuchbenotzer z'erlaben, mam Auto vun doheem, respektiv der Aarbechtsplaz, bis bei eng Gare ze fueren, um "Park & Rail-Parking" den Auto ze parken a mam Zuch op d'Destinatiounsgare ze fueren an ëmgedréit.
Iwwerdeems de Begrëff an Däitschland éischter gebraucht gëtt fir méi wäit Zuchstrecken, gëtt en zu Lëtzebuerg vun der CFL alternativ zu Park-and-Ride benotzt[1][2].
Nieft de klassesche Parkinge bei de Garen, mat méi oder manner Plazen, geréiert CFL och eng Rëtsch Parkhaiser ënnert dem Konzept Park-and-Rail oder Park-and-Ride. Prinzipiell kann een op de Park-and-Rail Plaze gratis parken, an de Parkhaiser oder dem P+R Héienhaff muss ee sech op enger App vun der CFL umellen a sech eng gewëssen Distanz vum Parking ewech beweegen, fir vun der Gratuitéit kënnen ze profitéieren. Dat ass geduecht, datt de Parking fir d'Clientèle vum ëffentlechen Transport geduecht ass an net fir Leit déi an der Géigend vun esou engem Parking schaffen.
Parking | Plazen | PMR | E-Auto | |
---|---|---|---|---|
![]() |
Belval-Université | 1.403 | 9 | 54 |
![]() |
Ëlwen | 388 | k.A. | 6 |
![]() |
Héienhaff | 450 | 12 | 0 |
![]() |
Lëtzebuerg | 620 | k.A. | 20 |
![]() |
Miersch | 405 | 11 | 10 |
![]() |
Rodange | 1.570 | 20 | 44 |
k.A.: keng Angab
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Ettelbruck. www.cfl.lu Archivéiert de 04.04.2014. Gekuckt den 29.04.2025.
- ↑ (fr) Park+Rail Belval-Université, Park+Rail Belval-Université. www.cfl.lu. Gekuckt den 29.04.2025.
- ↑ CFL | Park+Ride. www.cfl.lu. Gekuckt den 29.04.2025.