Gare Kruuchten
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 1 | ||||
PK | 40,330 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 | ||||
Uertschaft | Kruuchten | ||||
Gemeng | Noumer | ||||
Kanton | Miersch | ||||
Koordinaten | 49° 47’ 47’’ N 6° 07’ 12’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Kruuchten ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Miersch an der Gare Colmer-Bierg vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.
D'Gare läit um Lieu-dit Kruuchten-Gare, um lénksen Uwänner vun der Uelzecht, an d'Duerf Kruuchten um rietsen. Et gëtt eng Bréck iwwer d'Uelzecht déi d'Gare mam Duerf verbënnt.
D'Gare vu Kruuchten huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Vum 15. Februar 1882 bis den 2. Mee 1948 war déi Kruuchtener Gare eng Kappgare op der Janglisstreck Kruuchten-Fiels.
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Miersch | RB CFL-Linn 10 |
Colmer-Bierg | Dikrech |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Kruuchten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Kruuchten op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Kruuchten op der der Websäit rail.lu
- D'Gare Kruuchten op der Websäit spoorgroepluxemburg.nl
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|