Gare Klierf
![]() D'Gare zu Klierf (2025) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1866 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Klierf |
Uertschaft | Klierf |
Koordinaten | 50°3'41,648"N, 6°1'28,506"O |
Héicht i. M. | 374 m |
Reseau | |
Statiounscode | Cv |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Streck(en) | CFL-Linn 1 |
Linn(en) | CFL-Linn 1 |
P.K. | 77,174 km |
Gleiser | 3 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 331.186 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Draufelt, Gare Ëlwen |
![]() | |

D'Gare vu Klierf ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit nërdlech vum Stadzentrum vu Klierf, tëscht der N18 am Westen an der Klierf am Osten. Iwwer eng Bréck iwwer d'Gare leeft den CR339 am Norden a Richtung Ischpelt. Nordwestlech vun der Gare läit de Lycée Edward-Steichen.
D'Gare Klierf gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) - (Léck - Liers),
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
D'Klierfer Gare läit tëscht der Gare Draufelt an där vun Ëlwen: d'Halt Maulesmillen, op der Streck tëscht Klierf an Ëlwe gëtt zënter dem 14. Dezember 2014 net méi ugefuer.
Bei der Gare gëtt et e gratis Park & Rail-Parking mat 164 Parkplazen a sechs speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen. D'Busgare ass an der direkter Noperschaft.
Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Klierf den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[1].
Den 19. Oktober 2022 gouf d'Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Linn Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Draufelt | RB[3] RE | Ëlwen | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Draufelt | IC | Ëlwen | Gäilech - Léck - (Liers) | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Rodange | Draufelt | RE | Ëlwen | Ëlwen |
Richtung Süden
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Gare Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Klierf
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Klierf op der CFL-Websäit
- D'Gare Klierf op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Klierf op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt den 10.02.2025.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
- ↑ just zwéin Nuetszich de Weekend