Gare Colmer-Usines
![]() | |
ass eng | fréier Gare, Marchandisegare |
---|---|
Status | ausser Déngscht |
opgaang | 20. Abrëll 1880 |
zougemaach | 5. Abrëll 1969 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Colmer-Bierg |
Koordinaten | 49°48'28,94"N, 6°5'34,08"O |
Héicht i. M. | 208 m |
Streck(en) | Eisebunnsstreck Ettelbréck - Péiteng, CFL-Linn 2b |
Linn(en) | Eisebunnsstreck Ettelbréck - Péiteng, CFL-Linn 2b |
![]() |
D'Gare Colmer-Usines ass eng fréier Gare zu Colmer-Bierg, déi vun 1880 bis 1969 a Betrib war. Se läit op der CFL-Streck 2b (Ettelbréck - Biissen), dem eenzegen Deel vun der fréierer Atertlinn deen nach fir de Gidderverkéier op ass.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebai läit op enger Héicht vu knapps 209 Meter am Ënneschte Wee, um PK 47,525 tëscht der Gare vu Schieren an der fréierer Gare vu Biissen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare Colmer-Usines ass den 20. Abrëll 1880 vun der Prënz Hari Eisebunnsgesellschaft, zesumme mat der Atertlinn vu Stengefort op Ettelbréck, opgemaach ginn.
Wéi de 5. Abrëll 1969 mam Persouneverkéier op der Atertlinn opgehale gouf, ass d'Gare och zougemaach ginn. D'Gebai vun der fréier Gare an d'Quaie bestinn nach. An der Gare leien zwéi Gleiser, sou datt d'Gare haut nach e Kräizungspunkt vun de Gidderzich ass, déi op der Streck 2b fueren.
Persouneverkéier
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare ass zanter dem 5. Abrëll 1969 zou a se gëtt och net vun enger Buslinn ugefuer. D'Bushalt Colmar-Usines vun enger Rëtsch RGTR-Linne läit ronn 370 Meter méi südlech, beim Goodyear-Wierk.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den CFL-Garen
- D'Gare Colmer-Bierg, déi aner Gare an der Gemeng
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Gare Colmer-Usines – Biller, Videoen oder Audiodateien |