Gemeng Kiischpelt

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Kiischpelt
Coat of arms kautenbach luxbrg.png
An anere Sproochen fr: Kiischpelt
de: Kiischpelt
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Haaptstad Wëlwerwolz
Buergermeeschter Yves Kaiser
Awunner 1.168 (1 Januar 2017)
Fläch 3.358 ha
Koordinaten 49° 59’ 31’’ N
6° 0’ 22’’ O
Websäit http://www.kiischpelt.lu
Map Kiischpelt.PNG
D'Gemeng Kiischpelt (orange) am Kanton Wolz (rout)

Kiischpelt ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Si ass de 14. Juli 2005 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Kautebaach a Wëlwerwolz entstanen [1].

Et ass eng vun deene Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net den Numm vun enger Uertschaft droen: "de Kiischpelt" heescht dee Streech, an deem d'Uertschafte vun der Gemeng leien.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Kiischpelt kënnt vum däitsche Wuert "Kirchspiel", wat op déi ganz al Kierch vu Pënsch hiweist.

Am Däitschen ass "Kirchspiel", "Kirchsprengel" oder "Kirchensprengel" d'Wierkungsgebitt vun engem Geeschtlechen. De "Sprengel" ass de Wäiwaassesch-Plumeau mat deem geseent gëtt. Dovu kënnt den Ausdrock "den Rasen sprengen", dat heescht "nätzen".

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng [2][änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Kiischpelt ass den 1. Januar 2006, op Basis vum Gesetz vum 14. Juli 2005, aus der Fusioun vun der Gemeng Wëlwerwolz (mat den Uertschafte Wëlwerwolz, Äischer, Lellgen a Pënsch) an der Gemeng Kautebaach (mat den Uertschafte Kautebaach, Alschent a Mäerkels) entstanen.

Lellgen
Franz Binsfeld: de Kriipsewee. - virgedroe virun der Schuttbuerg
D'Schüttbuerg. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez, 1834.
D'Schüttbuerg. Zeechnung vum Nicolas Liez, 1834.
D'Lohrblumme bei Lellgen
Eng Lohrblumm

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Kiischpelt huet keen eegene Wopen. Beim Fusiounsgesetz ass keen ernimmt, an no der Fusioun huet d'Gemeng sech net ëm en neie Wope beméit. Déi zwéi Wope vun de fréiere Gemengen sinn dohier am Gebrauch bliwwen.

De Wope vu Kautebaach setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de Grofe vu Wolz (d'or au chef de gueules), aus dem Wope vum Hellege Bernard [3] (de sable à la bande échiquetée d'argent et gueules), dee Patréiner vun der Par ass, a gläichzäiteg sollen d'Schachfelder drun erënneren datt zu Mäerkels eng Famill Schaack Här a Meeschter war (échiqueté d'or et de gueules)
Beschreiwung aus dem Mémorial am Originaltext:

D'or à la hache d'armes en pal de gueules, accostée de deux poissons adossés de sable, au chef échiqueté d'argent et de gueules.

De Wope vu Wëlwerwolz setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de Grofe vu Wolz, aus deem vum This de Wilwerwiltz (croix recercléé en chef et en pointe), deem vun den Häre vun Äischer (fascé d'or et de gueules au lion de sable brochant), an aus deem vun den Häre vu Boukels, déi och Meeschter zu Pëntsch an zu Wëlwerwolz waren (d'azur à quatres étoiles à six rais) [Email onbekannt].
Beschreiwung aus dem Mémorial am Originaltext:

De gueules à la croix alésée, recerclée en chef et en pointe, pattée aux flancs, cantonnée de quatres étoiles à cinq rais du même; au chef d'or au lion issant de sable.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Beach Days am Kiischpelt zu Wëlwerwolz all éischte Weekend am August
  • Konschtfestival zu Lellgen um Nationalfeierdag
  • Kierchen: Besonnesch kuckeswäert sinn d'Kierchen aus der Gemeng wéinst hirem Mobiliar an hirer Architektur: Pënsch (Mobiliar, Uergel, Klacken), Wëlwerwolz (Uergel, Klacken), Alschent (Mobiliar), Lellgen (Architektur, Mobiliar, Biller), Mäerkels (Mobiliar). Ganz schéi sinn awer och d'Kierche vun Äischer, Draufelt a Siwwenaler (Pënscher Par).
  • D' Rackés Millen zu Äischer (kann iwwer den S.I. Munzen besichtegt ginn)
  • Lellgen als Duerf, en typescht a kuckeswäert Musterduerf aus dem Éislek
  • Lohrblummen (Narzissen) zur Ouschterzait am "Loohr" bei Lellgen, am Dall vun der Lellgerbaach.
  • De Kiischpelter Sonnekrees, wou de 50. Breedegrad sech mam 6. ëstleche Längegrad schneit.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Kiischpelt ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nicolas: Kautenbach Merkholtz - Alscheid, der Kohnerhof und die Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte, Gemeng Kautebaach 1978.
  • Michel Schmitt: Kiischpelt: die Kirchen und Kapellen im Pfarrverband Den Text ass vum Michel Schmitt, d'Fotoe vum Andreas Lechtape, Regensburg: Schnell & Steiner, 2003. - 32 Säiten.: ill. ; 17 cm (Schnell, Kunstführer; Nr 2545), Bibliogr.
  • Geimer, Alwin; Schmit, Charel: Kiischpelt - "Land der Lohhecken". Duerstellung vun den natiirlechen Attraktiounen, dem kulturelle Patrimoine an de sozio-kulturellen Initiativen aus dem Kiischpelt In: Theisen, Robert (éd.) Kulturführer Luxemburg. Band 2. S.100-107. Lëtzebuerg 2007.(éditions Ilôts)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kiischpelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 14 juillet 2005 portant fusion des communes de Kautenbach et de Wilwerwiltz
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg, Säit 141.