Kiischpelter Sonnekrees

Vu Wikipedia
De Konfluenzpunkt op 50° 00’ 00’’ N 06° 00’ 00’’ O
D'Sonnenauer donieft

De Kiischpelter Sonnekrees ass eng Plaz déi tëscht Äischer a Pënsch um Flouer Loh ugeluecht gouf fir de Konfluenzpunkt vum 50. Breetegrad Nord, mam 6. Längtegrad Ost ze markéieren.

D'Plaz besteet aus engem Krees um Buedem dee mat Paweesteng augeluecht ass, mat an der Mëtt engem vertikalen Inoxstaf vun engem Meter Héicht, deen den eenzege Konfluenzpunkt vum Lëtzebuerger Land markéiert.

Ronderëm de Krees sti kleng hëlze Poteauen déi d'Himmelsrichtungen uginn.

Donieft steet op engem Sockel eng kleng Sonnenauer an op engem Panneau si geographesch Informatiounen an Explikatiounen opgefouert.

D'Sonnenauer weist déi genee Lokalzäit, d. h. beim héchste Sonnestand weist se zwielef Auer. Well d'Sonn awer nëmme véiermol am Joer mat der Sonnenauer iwwereneestëmmt, ass um Explikatiounspanneau en Diagramm dee weist wéi vill Minutten Differenz e muss ofrechnen oder derbäizielen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]