Geographesch Längt

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Längegrad)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Längekreesser
Usiicht vun enger Kugel.
Den Equator (blo) deelt d'Kugel an zwou Hallschente a kräizt de Längtekrees (giel) ënner 90°. All duerchgezunne Linnen um Bild si Grousskreesser. Déi gestréchelt Linne sinn d'Breedekreesser.
Den historeschen Nullmeridian um Flamsteed House zu Greenwich (um Bueden an um Gebai markéiert)

D'geographesch Längt (och: „Längtegrad“), λ, international mat long. (longitudo = lon., longitude = engl., frz. etc. „Längt“) ofgekierzt, beschreift eng vun de béide Koordinate vun enger Plaz op der Äerduewerfläch, an zwar seng Positioun ëstlech oder westlech vum Nullmeridian. Si gouf fréier als Längtegrad bezeechent. Déi geographesch Längt ass e Wénkel, deen vum Nullmeridian aus (0°) bis 180° an ëstlecher an 180° a westlecher Richtung gemooss gëtt. De Scheetpunkt vun dësem Wénkel ass de Mëttelpunkt vun der geduechter Äerdkugel, d'Schenkele ginn vum Mëttelpunkt aus duerch de Nullmeridian resp. de Meridian, op deem d'Plaz läit, deem seng geographesch Längt ugesot soll ginn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Ost, −West) ass och E resp. W zoulässeg (d'Ofkierzung "O" gëtt wéinst der Verwiesselungsgefor ënnerlooss).

  • Plaze mat derselwechter Längt leien op engem Meridian. E Meridian verleeft vu Pol zu Pol an ass d'Hallschent vun engem Längekrees. Op der Äerdkugel ass e Längekrees (bestoend aus zwou enaner géigeniwwerleiende Meridiane) e Grousskrees.
  • Fir d'Bestëmmung vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – zu derr Bezeechnung vu senger geographescher Lag – gëtt zousätzlech d'Angab vu senger geographescher Breet als zweet Koordinate gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Longitudes – Biller, Videoen oder Audiodateien