Breetekrees

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Breetekreesser
Breetekrees (rout)

Breetekreesser sinn déi Kreesser déi op der (idealiséierter) Äerduewerfläch mat konstanter geographescher Breet β, parallel zu der Equatorfläch an Ost-West-Richtung verlafen. E Synonym fir de „Breetekrees“ ass déi an der Navigatiounsléier zäitgeméiss Bezeechnung „Breeteparallel“.

Wärend Längtekreesser déi vertikal op d' Breetekreesser stoussen, alleguer Grousskreesser sinn, sinn d'Breetekreesser am Allgemenge Klengkreesser – bis op den Equator, deen als den Null-Breetegrad d'Äerd an eng nërdlech an eng südlech Hemisphär deelt. Weider besonnesch Breetekreesser sinn d'Wendekreesser an d'Polarkreesser, déi hir Bedeitung fir de Sonnestand am Verlaf vun de Joreszäiten duerch d'Schréigt vun der Ekliptik kréien. D'Definitioun vun de Klimazone bezitt sech och op bestëmmt Breetekreesser.

Den Ofstand tëscht zwéi Breetekreesser mat engem Breetenënnerscheed vun engem Grad huet an der Moyenne ronn 111 km, ass awer wéinst der Äerdofplattung an der Equatorgéigend méi kleng wéi an héijen nërdlechen a südleche Breeten. Een änleche Feeler hätt d'Berechnung vun der Breetekreeslängt als 2πR•cos β mat konstantem Äerdradius R.

Breetekreesser als Grenzen[änneren | Quelltext änneren]

Breetekreesser ginn dacks als Grenz tëscht Länner oder Regioune benotzt, virun allem an Nordamerika.