Op den Inhalt sprangen

Pi (Zuel)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kreeszuel)
de griichesche Buschtaf
Pi mat den dausend éischten Zifferen hannert dem Komma
Wann den Duerchmiesser vum Krees 1 ass, ass den Ëmfang .

Pi – och alt Archimedes-Konstant genannt – ass eng Zuel, déi mam griichesche Buschtaf ausgedréckt gëtt. Si entsprécht dem Verhältnes vum Ëmfang vun engem Krees zu sengem Duerchmiesser. Et kann een s'och als d'Verhältnes vun der Fläch vun engem Krees an dem Carré vu sengem Rayon definéieren.

Well et eng irrational Zuel ass, ka se net duerch de Rapport vun zwou ganzen Zuelen ausgedréckt ginn.

Pi huet an alle Stellewäertsystemer onendlech vill, net periodesch Zifferen hannert dem Komma. D'dezimal Schreifweis mat 50 Zifferen hannert de Komma ass:

An engem Gebrauch, an deem keng grouss Genauegkeet néideg ass, gëtt fir gemenkerhand mat 3,14 gerechent.
Commons: Pi – Biller, Videoen oder Audiodateien