Pi (Zuel)

Vu Wikipedia
Wann den Duerchmiesser vum Krees 1 ass, ass den Ëmfang π.

Pi eng Zuel, déi duerch de griichesche Buschtaf π ausgedréckt gëtt. Si entsprécht dem Verhältnes vum Ëmfang vun engem Krees zu sengem Duerchmiesser. Et kann een en och definéieren als d'Verhältnes vun der Fläch vun engem Krees an dem Carré vu sengem Rayon.

π entsprécht ongeféier 3.141593. Well et eng irrationell Zuel ass, ka se net duerch de Rapport vun zwou ganzen Zuelen ausgedréckt ginn. Seng dezimal Schreifweis ass onendlech an net periodesch.