Griichescht Alphabet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'griichescht Alphabet ass d'Schrëft, an där d'griichesch Sprooch zanter dem 9. Joerhonnert v. Chr. geschriwwe gëtt. Déi griichesch Schrëft ass eng Weiderentwécklung vun der phenizescher Schrëft. Si war déi éischt Alphabetschrëft am engere Sënn. Vum griicheschen Alphabet stamen ë. a. dat laténgescht, kyrillescht a koptescht Alphabet of. Dat griichescht Alphabet huet haut 24 Buschtawen, déi genee wéi am laténgeschen Alphabet als Majuskel (Groussbuschtawen) a Minuskel (Klengbuschtawen) virkommen.

Zeechen[änneren | Quelltext änneren]

Klassesch Zeechen[änneren | Quelltext änneren]

Zeechen Var.1 Numm2
(algr. Schreiwung)
neigr. Numm
(neigr. Schreiwung)
Altgr. Transkriptioun Neugr. Transkriptioun Bemierkung
Α, α Alpha álfa (άλφα) a
Β, β ϐ Beta víta (βήτα) b
Γ, γ Gamma gám(m)a (γάμ(μ)α) g
Δ, δ Delta délta (δέλτα) d
Ε, ε ϵ Epsilon épsilon (έψιλον) e e
Ζ, ζ Zeta zíta (ζήτα) z z
Η, η Eta íta (ήτα) ē i
Θ, θ ϑ Theta thíta (θήτα) th th
Ι, ι Iota ióta (ιώτα) i i
Κ, κ ϰ Kappa káp(p)a (κάπ(π)α) k k
Λ, λ Lambda lámda (λάμδα) l l
Μ, μ My mi (μι) m m
Ν, ν Ny ni (νι) n n
Ξ, ξ Xi xi (ξι) x x
Ο, ο Omikron ómikron (όμικρον) o o, fält ewech vir ι
Π, π ϖ Pi pi (πι) p p, μπ = (m)b 5
Ρ, ρ ϱ Rho ro (ρω) r(h) r
Σ, σ ς 6, C7 Sigma sígma (σίγμα) s s
Τ, τ   Tau taf (ταυ) t t, ντ = (n)d 5
Υ, υ Ypsilon ýpsilon (ύψιλον) y
bei αυ, ευ, ου: u
y, nom Vokal v oder f
Φ, φ ϕ Phi fi (φι) ph f
Χ, χ Chi chi (χι) ch ch
Ψ, ψ Psi psi (ψι) ps ps
Ω, ω Omega oméga (ωμέγα) ō o
Fréiform vum griicheschen Alphabet. Archeologescht Nationalmuseum, Athen

Netklassesch Zeechen[änneren | Quelltext änneren]

Zeechen Var.1 Numm2
Altgr.
Transkriptioun
Altgr.
Aussprooch3
Bemierkung
Ϝ, ϝ Ͷ, ͷ Digamma (Wau) w Archäesche Buschtaf a spéider Zuelzeechen fir 6
Ϛ, ϛ Stigma     Mëttelalterlech Ligatur fir στ an als Zuelzeechen Ersaz fir Ϝ
Ͱ, ͱ Heta h Historesch Variant vun Eta als Konsonant
Ϻ, ϻ San s Archaesche Buschtaf, alternativ zu Sigma
Ϙ, ϙ Ϟ, ϟ Koppa q Archaesche Buschtaf a spéider Zuelzeechen fir 90
Ͳ, ͳ Ϡ, ϡ Sampi ss Ionesche Buschtaf, spéider Zuelzeechen fir 900

1) Alternativ Glyphe fir de Buschtaf
2) Numm vum Buschtaf an däitscher Transkriptioun
3) Rekonstruéiert Aussprooch am 5. Joerhonnert v. Chr.; kuckt och Algriichesch Phonologie
4) Déi neigriichesch Transkriptioun gëtt net eenheetlech gebraucht. Déi hei gebraucht Transkriptioun riicht sech no där an der Wikipedia gebrauchter Nummkonventioun Neigriichesch.
5) net viru stëmmlose Konsonanten; den n oder m fält nëmme beim Wuertufank ewech.
6) nëmmen an ëmmer um Wuertenn, ausser et et kënnt en Apostroph (Beispill: μέσα kann zu μες oder μεσ' verkierzt ginn.)
7) Die C-ähnlech Form vum Sigma gëtt am kierchleche Kontext nach regelméisseg gebraucht.

Friem Zeechen[änneren | Quelltext änneren]

Zeechen Numm2
Friem
Transkriptioun
Friem
Aussprooch3
Bemierkung
Ϸ, ϸ Scho, San š Zousätzleche Buschtaf am Baktresch (Netgriichesch)

Buschtawenimm[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnunge vun de Buschtawen hunn am Griichesche keng Bedeitung. Si goufen gréisstendeels aus dem Phönizeschen iwwerholl. Do bezeechnen d'Buschtawenimm Begrëffer, deenen no dem akrophonesche Prinzip e Lautwert zougeuerdert gouf. Beispillsweis bedeit aleph „Ochs“ an beth „Haus“.

D'Nimm vun e puer Vokale ginn op d'byzantinesch Zäit zréck. Hir Bezeechnungen a klassescher Zäit ënnerscheede sech deels, z. B. goufen d'Buschtawen Omikron an Omega einfach [oː] an [ɔː] genannt. Eréischt wéi d'Aussprooch vu béide Stëmmen zesummegefall ass, goufen d'Buschtawen duerch d'Nimmzousätz mikrón a méga ënnerscheet. Omikron bedeit „klengen O“, Omega „groussen O“. Dselwecht verhält et sech bei den Nimm Epsilon („einfachen E“) an Ypsilon („einfachen Y“), déi fir d'Ënnerscheedung zu de gläichkléngende Buschtawekombinatiounen ει an οι agefouert goufen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johannes Bergerhausen, Siri Poarangan: decodeunicode: Die Schriftzeichen der Welt Hermann Schmidt, Mainz, 2011, ISBN 978-3-87439-813-8
  • B. B. Powell: Homer and the Origin of the Greek Alphabet. Cambridge 1991. (engl.)
  • Stanislav Segert: Altaramäische Schrift und die Anfänge des griechischen Alphabets. In: Klio 41 (1963), 38–57.
  • Andreas Willi: Polytonesch Κάδμος ἀνέθηχε. Zur Vermittlung der Alphabetschrift nach Griechenland. In: Museum Helveticum 62 (2005), 162–171.
  • Florian Coulmas: The Blackwell Encyclopedia of Writing Systems. Blackwell Publishers, Oxford 1997. ISBN 0-631-21481-X (engl.)
  • Bernard Comrie, Stephen Matthews und Maria Polinksy (Hrsg.): Bildatlas der Sprachen. Bechtermünz Verlag, Augsburg 1998. ISBN 3-8289-0707-5.
  • Handbuch der Altertumswissenschaft 1,4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Griichescht Alphabet – Biller, Videoen oder Audiodateien