Phi
Ausgesinn
De Phi (griichesch Neutrum Majuskel Φ reso. , Minuskel φ resp. oder ) ass den 21. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip en numeresche Wäert vu 500.
De Phi am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- An der Mathematik bezeechent
- de klenge Phi () e Wénkel an de Polarkoordinaten an den Azimutwénkel an de sphäresche Polarkoordinaten
- de klenge Phi () d'φ-Funktioun vum Euler
- de grousse Phi (Φ) den irrationalen Zuelewäert vum Gëllene Schnëtt
- de grousse Phi (Φ) d'Wahrscheinlechkeetsfunktioun (och dem Gauß seng Feelerintegral genannt)
- De grousse Phi ass dat allgemengt Zeeche fir Physik, z. B. am Logo vun der Däitscher Physikalescher Gesellschaft. Et steet an der Wëssenschaft dacks nach fir aner Bedeitungen.
- De klenge Phi () steet fir e Meson
- De grousse Phi (Φ) steet an der theoreetescher Physik fir d'elektrescht Potential (Spannung U)
- An der Stréimungsléier steet de klenge Phi () fir d'Duerchflosszuel
- An der Liichttechnik steet de grousse Phi (Φ) fir de Liichtstroum
- An der Thermodynamik resp. Klimatechnik steet de klenge Phi () fir d'relativ Loftfiichtegkeet
- An der Elektrotechnik an an der Physik bezeechent
- klenge Phi() de Phaseverrécklungswénkel
- grousse Phi(Φ) de magnéitesche Floss
- An der Chimie steet Phi fir de Volumenundeel vun engem Stoff an engem Gasgemësch (a Vol%)
- An der Biologie bezeechent de klenge Phi () eng Grupp vu Bakteriophage mat eenzelsträngeger DNA (Microviridae).
- An der Geographie bezeechent Phi d'geographesch Breet
- An der Geologie, besonnesch Ingenieursgeologie, steet de klenge Phi () fir de Wénkel, deen eng geologesch Fläch mat enger geduechtener horizontaler Fläch bilt, dem sougenannten Afallswénkel.
Als Numm
[änneren | Quelltext änneren]- Éditions Phi, e lëtzebuergesche Verlag.
Referenzen
[Quelltext änneren]