Iota
Ausgesinn
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d6/Greek_letter_iota_serif%2Bsans.svg/150px-Greek_letter_iota_serif%2Bsans.svg.png)
De Iota resp. Jota (griicheschen Neutrum ‚de klengste Buschtaf‘, Majuskel Ι, Minuskel ι ass den 9. Buschtaf vum griicheschen Alphabet. Bei de griicheschen Zuelen huet en den numeresche Wäert 10. Vum Iota staamt de laténgesche Buschtaf i of.
Urspronk
[änneren | Quelltext änneren]De Iota staamt, wéi bal all griichesch Buschtawe vu phenizesche Buschtawen, nämlech vum Jod, of.