Beta
Ausgesinn
De Beta (griicheschen Neutrum, Majuskel Β, Minuskel β, an der Mëtt vum Wuert och ϐ) ass den zweete Buschtaf vum griicheschen Alphabet a steet am griicheschen Zuelesystem un zweeter Plaz.
Gebrauch vum Beta
[änneren | Quelltext änneren]- Als Betastralung gëtt an der Physik eng Form vu Stralung déi ioniséiert (vergl. Radioaktivitéit) bezeechent.
- An der Software-Entwécklung ass d'Beta-Versioun eng virleefeg Versioun, wou Tester (och Betatest genannt) virgeholl kënne ginn, ier s'an den Handel kommen.
- De Betafacteur bezeechent an der Finanzwirtschaft de systematesche Risiko vun engem Wäertpabeier oder Portfolio.
- Als Betaverdeelung gëtt an der Stochastik eng kontinuéierlech Warscheinlechkeetsverdeelung bezeechent.
- Am statistesche Verfahre vun der Regressiounsanalys bezeechnen d'Betaen déi standardiséiert b-Gewiichter.