Lambda
Ausgesinn
De Lambda (och Lamda, Lanta oder Labda, griicheschen Neutrum; Majuskel Λ, Minuskel λ) ass den 11. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet e numeresche Wäert vun 30.
De Lambda am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- De Klengbuschtaf λ ass
- an der Physik d'Formelzeeche fir d'Wellelängt, d'Zerfallskonstant, d'Wärmeleetfähegkeet oder déi mëttels fräi Weelängt
- an der Elektrotechnik d'Bezeechnung fir d'Phaseverrécklung vu breetbandege Signaler
- an der Drocklofttechnik de volumetresche Wierkungsgrad vu Kolwekompresseren. E gëtt berechent aus: Effektiver Liwwergréisst / Theoreetescht Usaugvolumen. De volumetresche Wierkungsgrad gëtt vereinfacht och Liwwergrad bezeechent an ass eng Mooss fir d'Qualitéit vu Kolwekompresseren. De Liwwergrad ass ofhängeg vum Drock an huet fir 8 bar bei gudde 1-stufege Kolwekompresseren ongeféier 70 % a bei 2-stufegen Anlagen zirka 80–85 %.
- an der Motorentechnik d'Formelzeeche fir d'Verbrennungsloftverhältnes. Bei Verbrennungsmotore gëtt d'Loft-Kraaftstoff-Verhältnes (stöchiometrescht Verhältnes) Lambda=1 uginn, wann d'optimaalt Verhältnes vu 14,7 kg Loft zu 1 kg Kraaftstoff (fir Superbenzin) ginn ass. Lambda >1 bedeit Loftiwwerschoss (moert Gemësch), a Lambda<1 Loftmangel (fett Gemësch). Motore mat katalytescher Ofgasnobehandlung reegelen dat optimaalt Verhältnes mat Hëllef vun enger Lambdasond.
- bei Motoren ausserdeem nach d'Bielleverhältnes. Dat ass de Quotient aus dem Radius vun der Kurbelwell duerch d'Längt vun der Biellestaang. Je no Uweisung an Zuel vu Zylinderen ass λ e wichtege Wäert fir d'osziléierend Kräften a Momenter.
- d'Formelzeeche fir d'Schnelllafzuel vu Wandenergieanlagen
- an der Mathematik d'Formelzeeche fir Eegewäerte
- an der Metallurgie den Ofkillungsparameter bei der Wärmebehandlung
- an der Geographie d'Formelzeeche fir d'geographesch Längt
- an der Mikrobiologie d'Kennzeeche fir de Bakteriophage λ
- an technesche Modellversich d'Formelzeeche fir de Moossstaf
- an der Informatik eng Funktioun, déi Funktiounen no engem Muster mécht, kuckt Lambda-Kalkül
- an der theoreetescher Informatik d'Ausgabfunktioun vun engem endlechen Automat
- an der Schwulen- a Lesbebeweegung zanter den 1970er d'Symbol fir (lat. „Fräiheet“) als Gläichberechtigung an doduerch Nummdeel vu verschiddenen Organisatiounen a Eventer:
- Lambda Legal: LGBT & HIV - US-Biergerrechtsorganisatioun
- an der Fluiddynamik d'Formelzeeche fir d'Rouerreiwungszuel
- an der Wärmeléier/-technik d'Formelzeeche fir de Wärmeleetkoeffizient
- De Groussbuschtaf Λ ass
- an der Schwéngungsléier vun der klassescher Physik eng Mooss fir d'Dämpfung - Logarithmescht Dekrement
- an der Elementardeelchephysik d'Bezeechnung vun engem Λ-Baryon
- Dem Albert Einstein seng Kosmologesch Konstant, mat där hirer Hëllef hien d'Ausdeenung vum Universum aus senge Formele verbanne wollt.
- d'Wopen op de Schëlter vun de Spartanesche Hopliten (L fir Lakedaimonier)
- e japanesche Rakéitentyp, Lambda (Rakéit)
- e lasergestëtzte Groussformat-Ausgabapparat fir héichopléisend Beliichtung vu Biller op photosensitivem Rollematerial vun der Durst AG
- en Auto vu Lancia