Nërdlechen Territoire

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Northern Territory)
Fändel vum Nërdlechen Territoire
Fändel vum Nërdlechen Territoire
Northern Territory
Kaart
Basisdaten
Haaptstad: Darwin
Gréisst Stad: Darwin
ISO 3166-2: AU-NT
Fläch: 1.349.129 km²
Awunner: 197.700 (2003)
Bevëlkerungsdicht: 0,15 Awunner/km²

Den Nërdlechen Territoire, och Outback genannt, ass ee vun den australeschen Territoire mat als Haaptstad Darwin.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1623 huet en hollännescht Schëff d'Küst vum Nërdlechen Territoire entdeckt. D'Briten hunn dunn am Norden dräi Siidlungen opgeriicht. Mä déi haart Liewensbedingungen op dësem onwirtschaftlechem Buedem hunn de Projet fir wäiss Zivilisatiounen do opzebauen zum Enn bruecht.

1863 gouf den Northern Territory en Deel vu Südaustralien, mat Palmerston als Haaptstad. 1911 gouf d'Haaptstad an Darwin ëmbenannt.

1874 huet d'Gold vill nei Immigranten ugelackelt.

D'Geschicht vum Northern Territory no der Kolonisatioun ass vun ongënschtegen Awierkunge markéiert. Darwin gouf zweemol zerstéiert: 1940 duerch Bomme vun der japanescher Loftwaff an 1974 duerch e Wierbelstuerm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Northern Territory huet eng Fläch vun 1,35 Mio. km² a grenzt am Osten u Queensland, am Süden u Südaustralien an am Westen u Westaustralien. Den Nërdlechen Territoire ass am Norden tropesch an zur Mëtt zou läit déi rout Wüst.

Gouvernement[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Den Nërdlechen Territoire huet sech gutt duerchgesat an ass zu engem vun deene wichtegsten Ziler fir Touriste ginn. Wichteg Fakteuren am Tourismus sinn den Uluru-Kata Tjuta Nationalpark mam bekannten Ayers Rock, de Kings Canyon, d'„Haaptstad vum Outback“ Alice Springs an den Top End an deem de Kakadu Nationalpark läit, sou wéi d'Ahrnem Land.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

Nieft verschiddenen Grondmaterialie gëtt och nach Randfleesch, Krokodilfleesch, Fësch a Pärelen an Asien exportéiert.

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Den Didgeridoo ass e Blosinstrument aus der Famill vun den Aerophonen a gëllt als traditionellt Museksinstrument vun den nordaustraleschen Aborigines.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Northern Territory – Biller, Videoen oder Audiodateien