Darwin (Australien)

Vu Wikipedia
Darwin
Cullen Bay Marina zu Darwin

Cullen Bay Marina zu Darwin
Cullen Bay Marina zu Darwin
Land: Australien
Bundesstaat: Northern Territory
Administratioun: Darwin City Council
Fläch: 112 km²
Awunner: 109.478 Aw.  (2005)
Bevëlkerungsdicht: 977 Aw. / km²
Koordinaten: 12° 27’ 30’’ S
      130° 50’ 30’’ O
Lag vun Darwin an Australien

Lag vun Darwin an Australien
Lag vun Darwin an Australien
Stied - Bundesstaaten - Groussstied

Darwin ass déi gréisst Stad an Haaptstad am Northern Territory an Australien souwéi déi nërdlechst Groussstad vum Kontinent mat ça. 110.000 Awunner (Stand: Juni 2004).

Darwin gouf 1869 gegrënnt, a gouf bis haut dräimol vun Zyklone bal ganz zerstéiert.

Darwin gëllt als „d'Dier no Asien“ an d'Arafura Games ginn do ofgehalen. Et ass den Ausgangspunkt vun Touren an den Litchfield Nationalpark oder an de Kakadu Nationalpark. Vum Fluchhafen Darwin (Darwin International Airport) besti Fluchverbindungen zu anere Stied an Australien souwéi an Asien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. September 1839 sinn den John Clements Wickham an den John Lort Stokes op enger Vermiessungsfahrt an australesche Gewässer mat hirem Schëff der HMS Beagle an der Bucht vum haitegen Darwin gelant an hunn hir Ankerplatz Port Darwin nom jonken Charles Darwin genannt, deen zwëscht 1831 an 1836 u Bord vum Schëff d'Galapagosinsele bereest hat.

De 5. Januar 1869 gouf op där Plaz mat 135 Siidler Palmerston gegrënnt, genannt nom brittesche Premierminister Lord Palmerston, dat mam Uschloss un dat australescht Telegraphennetz a vereenzelt Goldfonder am Ëmland ëmmer méi Zoulaf krut, bis datt "Palmerston" 1911 als Haaptstad vum Nërdlechen Territoire dee bis 1978 nach zu Südaustralien gehéiert huet, erëm an Darwin ëmbenannt gouf.

Darwin huet am Verlaf vum Zweete Weltkrich u Bedeitung gewonnen, wéi et wéinst enger gefaarter japanescher Invasioun bis op 2.000 Awunner evakuéiert gouf, an eng Besatzung vun 32.000 alliéierten Zaldoten zu Darwin stationéiert gouf.

Den 19. Februar 1942 gouf d'Stad vun 242 japanesche Fligere bombardéiert, déi nieft de Bensinnslageren an der Stad och d'Géigend ëm den Hafe bal komplett zerstéiert hunn. Dësen Ugrëff huet mindestens 243 Zivilisten an Zaldoten d'Liewe kascht. Dat war zanter der Staatsgrënnung den éischten Ugrëff op australeschen Territoire.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Darwin (Australien) – Biller, Videoen oder Audiodateien