Op den Inhalt sprangen

Gemeng Kautebaach

Vu Wikipedia
Kautebaach
An anere Sproochen fr: Kautenbach
de: Kautenbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Chef-lieu Kautebaach
Héicht 257 m
Koordinaten 50° 0’ 58’’ N
       5’ 31’’ O
D'fréier Gemeng Kautebaach (orange)
am Kanton Wolz (rout)

Kaart

D'Gemeng Kautebaach war vun 1914 bis Enn 2005 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz. Se ass 1914 entstanen, wéi de Chef-lieu vun Alschent op Kautebaach verluecht gouf an d'Gemeng dunn och ëmgedeeft gouf[1].

D'Gemeng Kautebaach huet hirersäits den 1. Januar 2006 zesumme mat der Gemeng Gemeng Wëlwerwolz zur Gemeng Kiischpelt fusionéiert[2].

Uertschaften an der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]
An der Gemeng Alschent (bis 1914)[3] an an der Gemeng Kautebaach (1914-2005)

D'Gemeng Kautebaach ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Deemools war awer Alschent de Chef-lieu vun der Gemeng an d'Gemeng hat de selwechten Numm. Mam Gesetz vum 17. Abrëll 1914 ass den Haaptuert op Kautebaach verluecht ginn an den Numm vun der Gemeng gouf ugepasst.[1]

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Loi du 17 avril 1914, transférant le chef-lieu de la commune d'Alscheid à Kautenbach. data.legilux.public (17.04.2014). Gekuckt den 29.07.2026.
  2. Loi du 14 juillet 2005 portant fusion des communes de Kautenbach et de Wilwerwiltz. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 20.02.2022.
  3. « Circonscription des quartiers du Grand-Duché et des communes composant chaque quartier » am « Arrêté Royal du 8 août 1822 qui prescrit le mode d'après lequel les administrations communales du plat-pays devront procéder, lorsqu'elles auront des nominations à faire… »