Wëlwerwolz

Vu Wikipedia
Wëlwerwolz
Vue op d'Uertschaft
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Wilwerwiltz
de: Wilwerwiltz
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Kiischpelt
Buergermeeschter Yves Kaiser
Awunner 56
  08.08.2006
Héicht 299 m
Koordinaten 49° 58’ 12’’ N
      06° 00’ 28’’ O
Den Tuerm vum fréiere Schlass zu Wëlwerwolz

Wëlwerwolz ass eng Uertschaft an der Gemeng Kiischpelt. Et war den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Wëlwerwolz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Wëlwerwolz kënnt vu "Willibrordus-Wiltz” ("Wylwert", "wulwer", "wulfert" sinn al vollekstemlech Bezeechnunge fir de Willibrord). Dat eelst Dokument, aus deem Wëlwerwolz bekannt ass, ass eng Schenkung vu 768-69, bei där Lännereien zu Wëlwerwolz un d'Abtei Iechternach verschriwwe goufen.

Enger Legend no ass de Willibrord selwer duerch dës Géigend gezunn an huet engem Bauer déi Quell geschenkt, déi haut nach do ass: de Willibrordusbur. 1934 gouf d'Quell nei gefaasst an eng Kapellchen driwwer gebaut.

D'Gemeng Wëlwerwolz huet den 1. Januar 2006 (Gesetz vum 14. Juli 2005) mat der Gemeng Kautebaach fusionéiert fir déi nei Gemeng Kiischpelt ze bilden.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wëlwerwolz – Biller, Videoen oder Audiodateien