Sproochenhaus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Sproochenhaus (2014)

D'Sproochenhaus op der Nummer 3 an Aasselbaach zu Wëlwerwolz ass 2001 entstanen aus dem European bureau for lesser used languages, der EBLUL-Lux a.s.b.l. an dem Comité luxembourgeois pour les langues moins répandues. Et ass an deem Haus ënnerbruecht, an dat de Max Goergen sech 1957 zréckgezunn hat.

Nom Doud vum Grënnungspresident Lucien Jacoby, dem Neveu vum Max Goergen senger Fra, hat d'Vereenegung d'Haus vum Schrëftsteller Max Goergen an deem senger Fra Aline Jacoby als Donatioun kritt.

Am Joer 2001 gouf dee Veräi relancéiert.

D'Sproochenhaus-Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

An de Joren 2001-2008:

  • 2001 gouf d'Konzept vum Sproochenhaus ausgeschafft.
  • 2003 gouf eng Konventioun mam Kulturministère ausgehandelt fir kënne Schrëtt fir Schrëtt d'Aktivitéiten op- an auszebauen, am Sënn vun engem liewegen an oppene kulturellen Begéignungszentrum a regionale Sproochenzentrum.
  • 2002 gouf déi regional Internetstuff zu Wëlwerwolz am Centre communal ageriicht a geréiert, bis se 2006 deelweis op Eeschwëller an deelweis an d'Sproochenhaus selwer verluecht gouf.
  • 2003 - 2005 gouf de Leader-finanzéierte Projet "Tripticon" als Organisatiounsplattform fir d'Gemengen aus de Regiounen Clierf-Veianen a Réiden-Wolz ausgeschafft, op d'Bee gesat a geréiert. Dobäi sinn Informatikscoursen a Workshope fir den Norde vum Land organiséiert ginn.
  • 2004 gouf dem Max Goergen säin Eenakter "De Pierrot" am CAPE zu Ettelbrëck an enger Inszenéirung vum Roland Meyer mat der Anne Kneip an der Martine Conzemius an den Haaptrollen a mat Musek vum Lex Gillen opgefouert.
  • 2003 - 2005 gouf e Projet "Linuxstuff" initiéiert an zesumme mam Linux-Club-Lëtzebuerg eng Internetstuff op Linux "geswitcht".
  • 2003 - 2004 gouf de Konferenzenzyklus "Quo vadis Lëtzebuergesch?" zesumme mam Projet "Moien" organiséiert.
  • 2004 - ass de Projet WebWalking initéiert ginn.
  • 2005 - 2008 gouf den FSE-kofinanzéierte Folgeprojet "Tripticon-Plus" ugefaangen, bei deem d'Sproochecoursen dobäikoumen, déi am Kader vun der Erwuessebildung vum Erzéiungsministär kofinanzéiert goufen.
  • 2006 gouf eng Etüd gemaach fir d'Valoriséierung vun den traditionellen, ländlechen an touristische Beruffer am Kader vun der Beruffsausbildung. Aus dëser Aarbecht as e Projet ervirgaange fir jonk Schüler, déi net gutt u Betriber fir eng Léier kënne vermëttelt ginn. Dëse Projet leeft vu Januar 2007 un am Landesnorden.
  • 2006 gouf de Projet Integratiounscoursen mat den Amitié Portugal-Luxembourg a.s.b.l. fir d'Leader-Regioun Réiden-Wolz ausgeschafft.
  • Zanter 2001 goufen ë. a. Liesungen, Ausstellungen, Molerei-Coursen asw. als Bäitrag fir déi kulturell Beliewung an der Regioun organiséiert.

D'Sproochenhaus-Bibliothéik[änneren | Quelltext änneren]

Max Goergen: den neien Theater. - gelies a senger Bibliothèik

Am Februar 2006 huet eng kleng Bibliothéik ugefaangen, déi am Kader vum "Tripticon-Plus"-Projet als Formateurs-Bibliothéik finanzéiert a vum Schoulkauz, dem Schoulsyndikat vun de Gemenge Kiischpelt an Eschweiler (zanter 2015: Wolz), matfinanzéiert gouf. Dozou gehéiert och eng Internetstuff, déi iwwer de Programm "e-Lëtzebuerg" an "e-Oesling" (Leader 2001-2006) finanzéiert gouf.

Dem Max Goergen seng Privatbibliothéik[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai op Nummer 3 an Aasselbaach gouf de 15. Februar 2010 als Zousazinventaire op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de J à L. (Lescht Versioun vum 2. Abrëll 2019).