Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Sproochenhaus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Datt de Charel Schmit a 5 Sätz zweemol ernimmt gëtt, ass schonns interessant. Datt mer bis elo nach net gesot kréien, wat dat Haus mécht, ass e bësse schued. --Cornischong 09:51, 6. Mäe 2008 (UTC)

A watfir en Zirkus op der leschter Generalversammlung war, géif eis natierlech och interesséieren. Merci. --Cornischong 09:53, 6. Mäe 2008 (UTC)

Reng bautechnesch intresséiert mech, wéi en Haus aus engem Veräin entstoe kann... --Zinneke 10:09, 6. Mäe 2008 (UTC)

Schéine Moien,
Datt de "Charel Schmit" elo ganz aus dem Artikel erausgestrach as, ass och ganz interessant a gefällt secherlech dene Leit gudd, déien d'Initiateuren vum Sproochenhaus jo am léifsten lieweg "grillen" géifen an laut DNF "geschasst" hun!
Wat d'Haus ELO (ab Mëtt 2007) mëcht, dat wärte sëcher di aktuell Gestionnairen vum Haus Iech schreiwen.(Iwwregens sin di aktuell Gestionnairen duerch keng Generalversammlung formal richteg bestëmmt gin; frot mol no de Berichter vun der uerdentlecher Generalversammlung vum 9 März 2007 an der ausseruerdentlecher GV vum 20.6.2007) - Mee villäicht gët ët jo demnächst en Rapport vun der GV vum 28.2.2008, mee op d'Cornischong dorauser wierklech alles gewuer gët, kann een gär bezweiflen...
Allerdings fir d'Joeren 2001 bis 2006 - déi Joeren wou d'Sproochenhaus initiéiert, opgebaut an ausgebaut gouf - mengen ech awer als Veräinssekretär nët ganz onbedeligt gewierscht ze sin, nieft de fréien Comité-Memberen Alwin Geimer, Patrick Peiffer, Véronique Mathay, Grënnungsmember Vic Majerus, Margot a Guy Reding-Schroeder, Dan Roder a Jérôme Lulling!
An dene Joeren hu mir zesummen: - 2001: D'Konzept vum Sproochenhaus ausgeschafft,
- 2003: eng Conventioun mam Kulturministère ausgehandelt fir kënnen Schrëtt fir Schrëtt d'Aktivitéiten op- an auszebauen, am Sënn vun engem liewegen an oppenen kulturellen Begéignungszentrum a regionale Sproochenzentrum
- 2002: d'regional Internetstuff zu Wëlwerwolz am Centre communal ageriicht a géréiert (bis se 2006 deelweis op Eeschwëller verluegt gin as)
- 2003-2005: de LEADER-Finanzéierte Projet "Tripticon" (www.tripticon.lu) als Projektträger fir d'Gemengen aus der Regioun Clierf-Veianen a Réiden-Wolz ausgeschafft, op d'Been gesat a géréiert: dobäi sin Informatik-Couren an Workshopen fir de Landesnorden organiséiert gin
- 2004: dem Max Goergen säin Eenakter "De Pierrot" am CAPE zu Ettelbrëck an enger Inszenéirung vum Roland Meyer mat Musik vum Lex Gillen opgefouert.
- 2003-2005: e Projet "Linuxstuff" initiéiert an zesummen mam Linux-Club-Lëtzebuerg eng Internetstuff op "Linux" "geswitcht".
- 2004-haut: de Projet Web-Walking initéiert (www.webwalking.lu)
- 2005-haut: den FSE-kofinanzéierte Folgeprojet "Tripticon-Plus" (www.tripticon.lu) ugefaang, bei dem d'Sproochecouren derbäikoumen, déi am Kader vun der Erwuessebildung vum Erzéiungsministär konfinzéiert gin.
- 2006: eng Étude gemaach fir d'Valoriséierung vun den traditionnellen, ländlechen an touristische Beruffer am Kader vun der Berufsausbildung; aus dëser Aarbescht as e Projet fir jonk, schwéier u Betriiber vermëttelbar Schüler erviirgaang, deen momentan am Landesnorden leeft.
- 2006: de Projet Integraiounscouren mat den Amitié Portugal-Luxembourg a.s.b.l. fir d'LEADER-Regioun réiden-Wolz ausgeschafft.
Dëst as just eng kleng Auswiel aus denen ville flotte Saachen déi mir "verbrach" hun am Kiischpelt, fir d'Kiischpelt, vun a mat Kiischpelter... a souvill Detailer wollt Cornischong et al. bestëmmt nët wëssen.

Abee, those were the times, my friend, we thought they'd never end!
...mee den 20. Juni 2007 as dës Pionéieraarbecht an d'Käpp, d'Hänn an d'Häerzer déi derhannert stoungen am Kader vun enger ausseruerdentlecher Generalversammlung fortgeputscht gin... An deem Sënn as elo d'Sproochenhaus laang nët méi dat wat ët viirdrun war a woufir ët geduecht war. Wann ee mat trucéierten Majoritéiten muss Statuten duerchboxen an denen een eng hallef Säit Fäll opzielt, wéini een aus dem Veräin erausgehäit gët, dann as ët em de "fräie Geescht" schlecht bestallt...

...wat bleift as d'Erënnerung un eng hallef Dosen flott an engagéiert Joeren an d'Gewëssheet, datt Politik mat Zäiten een gällegt knaschtegt Spill ka sin, bei dem "Jiddereen Eenzelnen zielt" a séng Roll huet, well dat ganzt as jo kee Spill, mir mengen ët jo eescht :-)))

Charel Schmit,
den den dem Kand de Numm gin huet (am Oktober 2001).


kleng Info fir den Zinneke: d'Haus op 3, an Aasselbaach as 1999 vum Lucien Jacoby geschenkt gin un d'Associatioun. Sou koum de Veräin zu engem Haus, wéi d'Meedchen zum Kand! :-) Di aktuell Gestionnairen hun och groussen Interessen um Haus an si hun en Wert vun ca. 75.000€ als capital immobilisé an de Bilan vum Sproochenhaus gesat. Mol kukken wat si nach alles domat wëlles hun ausser Bicher versuergen.

Gudden Owend un de Charel Schmit. Merci op alle Fall fir d'Reaktioun. Wat op der Generalversammlung soll lass gewiescht sinn, hunn ech aus dem Wort. Well ech mat der Zäit geléiert hunn, tëscht den Zeilen ze liesen, krut ech just mat, datt do no laangem Lëtzebuerger Brauch Buttek war. Verstanen hunn ech awer leider net vill. Et ass schued, datt elo esou vill op der Diskussiounssäit steet, dat eigentlech an den Artikel gehéiert. Fir een, dee keen Abléck an d'Interna huet, ass et net liicht klug ze ginn, wat do gelaf ass, a besonnesch, wat elo leeft. Ech war selwer an d'Sproochenhaus gaangen, fir dat besser ze verstoen, mee wat alles gemaach gouf, hunn ech net richteg matkritt. Ech hu Fotoe gemaach, mee ech hat Problemer, d'Aktivitéiten a Wierder ze faassen. Scho virun enger Zäit hat ech och (kuerzen) Telefonskontakt mam Charel Schmit, mee leider war hien déi Zäit déck am Zäitdrock.
Ech liesen eng ferm Verbatterung eraus, awer ech weess leider net, wat lass war an ass. "a souvill Detailer wollt Cornischong et al. bestëmmt nët wëssen" liesen ech hei. O dach! Am Artikel ass genuch Plaz fir "alles dranzesetzen". Da looss et kommen, mengt de --Cornischong 19:39, 20. Mäe 2008 (UTC), deen elo eréischt heem koum, a seng Äntwert e bëssen iwwer de Knéi gebrach huet. Wann eppes besser iwwer Mail soll goen, dann ass op menger Säit am lénkse Bord d'Méiglechkeet, mer eng ze schécken.

Nach eppes: Den Text heidriwwer hat ech geschriwwen, ier ech gesinn hunn, datt am Artikel selwer eppes bäikoum. --Cornischong 19:43, 20. Mäe 2008 (UTC)

Gudde Moien, Ech ka mech gudd erënneren un eist Telefonsgespréich vun virun e puer Joer. Et war am Ufank vum lëtzebuergeschen Wikipedia... E.a. wéinst den Aktivitéiten am/vum Sproochenhaus koum kee vun eisen (fréieren) Memberen derzou fir Beiträg op Wikipedia ze schreiwen. Ech brauch och nach e bessen Zäit bis ech mech mol erageschafft hun an dës Welt (vill Fonktiounen kennen ech nach nët), dat as och de Grond wéisou am Ufank just e puer Zeilen stoungen. Ech sin awer frou datt d'Zeechen erkannt gouf an Interessen bestet un dem wat d'Sproochenhaus as oder sollt sin. Demno kann den aktuellen Text nach em villes ergänzt gin mat Material aus de leschte Joeren. De Rescht iwwer Mail. Charel

ok --Cornischong 08:42, 22. Mäe 2008 (UTC)