Op den Inhalt sprangen

Gemeng Eschweiler

Vu Wikipedia
Gemeng Eschweiler
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Eschweiler
de: Eschweiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Chef-lieu Eschweiler
Fläch 1.988 ha
Héicht 433 m
Koordinaten 49°59'50"N, 5°56'50"O

Kaart

Déi fréier Gemeng Eschweiler (Eeschwëller fir d'Awunner), war bis Enn 2014 eng eege Gemeng, ier se op den 1. Januar 2015 mat der Gemeng Wolz fusionéiert huet.

D'Gemeng Eschweiler huet am Nordweste vum Land geleeën. Nopeschgemenge ware Wolz am Süden, Wanseler am Südwesten, Wëntger am Nordwesten an Norden, Clierf am Norden an Nordosten a Kiischpelt am Osten. D'Gemeng Eschweiler louch am Kanton Wolz an am Distrikt Dikrech.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Eschweiler ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.[1]

De 24. Februar 2014 hunn d'Gemengeréit vu Wolz an Eschweiler zu enger Fusioun vun deenen zwou Gemenge gréng Luucht ginn.[2] De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 77 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54 % fir eng Fusioun.[3] De Gesetzesentworf fir d'Fusioun gouf de 17. Dezember 2014 eestëmmeg an der Chamber gestëmmt.[4] D'Gesetz ass den 19. Dezember gestëmmt ginn an den 1. Januar 2015 a Kraaft getrueden[5].

Beschreiwung am Originaltext[1]:

D'or à quatre bandes de sable, au chef de gueules chargé d'un chien braque d'argent colleté de sable.

D.C. 22. Dezember 1981 - A.M. 2. Abrëll 1982 - Mémorial B 1982, Säit 453 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1981

Dat Gëllent an dat Rout am Wopen erënneren un d'Herrschaft (duerno d'Baronie a nach méi spéit d'Grofschaft) vu Wolz (d'or au chef de gueules), vun där Eschweiler an Ierpeldeng ofgestaamt hunn; déi schwaarz Bänner weisen op d'Probstei vu Baaschtnech (d'or à quatre bandes de sable) hin, zu där Knapphouschent a Selschent gehéiert hunn.

Déi franséisch Braque kënnt aus dem Wope vun der Famill vun Eschweiler (de … (warscheinlech d'or) au chef de... (warscheinlech de gueules) chargé d'un chien braque (oder d'un lévrier) de … (warscheinlech d'argent)), den Nokommen oder Vasallen vun der Famill vu Wolz.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
  • ...
  • 1979 - 1987: Jean-Pierre Strotz
  • .... - 1999:
  • 1999 - 2005:
  • 2005 - 2014: François Rossler
 Commons: Gemeng Eschweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 99 (fr).
  2. Eschweiler und Wiltz schmieden eifrig an Hochzeitsplänen wort.lu 24.2.2014 20:39
  3. Referenden zu Fusionen in den Gemeinden wort.lu, 25.5.2014 14:59
  4. Fusion von Wiltz und Eschweiler ist perfekt wort.lu 17.12.2014 13:36
  5. (fr) Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. data.legilux.public.lu (19.12.2014). Gekuckt den 22.06.2026.