Hubert Joseph Collart

Vu Wikipedia
Hubert Joseph Collart
Gebuer 18. November 1773
Gestuerwen 8. Oktober 1822
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Seng Grafplack um Kierfecht zu Fëschbech.

Den Hubert Joseph Collart, gebuer den 18. November 1773, a gestuerwen den 8. Oktober 1822, war Proprietär a Schmelzhär zu Fëschbech. Hien hat d'Fëschbecher Schmelz an d'Fëschbecher Schlass vu sengem Papp dem Charles Joseph Collart geierft.

Den Hubert Collart huet d'Fëschbecher Schmelz ausgebaut an 1813 en neien Héichuewe baue gelooss. Hie war och politesch aktiv, sou z. B. als Buergermeeschter vu Fëschbech.

Hien huet de 24. Juli 1790 d'Gisberta Maria Rosalia Baronesse vu Blochhausen vum Bitburger Schlass bestuet. Den 13. August 1801 ass hiert eenzegt Kand, de Charles Joseph Collart zu Dummeldeng um Schlass op d'Welt komm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]