Emmanuel Limpach

Vu Wikipedia
Emmanuel Limpach
Gebuer 12. Oktober 1721
Pafendall
Gestuerwen 6. September 1793

Den Nikolaus Emmanuel Limpach, gebuer den 12. Oktober 1721 am Pafendall,[1] engem Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 6. September 1793 (zu Iechternach[2] oder am Weilerbaacher Schlass bei Bollenduerf ?[3]), war den 72. a leschten Abt vun der Abtei Iechternach.[4]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Emmanuel Limpach säi Papp, de Martin Limpach, war Béierbrauer am Pafendall. Eigentlech huet hien "Ensch" mam Familljennumm geheescht, en huet sech awer no sengem Heemechtsduerf "Limpach" genannt. D'Mamm, d'Maria Katherina Post, war d'Niess vum Iechternacher Abt Michael Hormann. Den Emmanuel gouf an der Méchelskierch gedeeft. Hien hat nach e Brudder, de Matthias Limpach, deen Nottär zu Iechternach gouf an duerno, vu 1787 bis 1794, Meier zu Ettelbréck,[5] wou d'Abtei Iechternach e grousse Besëtz hat. De Martin Limpach ass bis 1734 als Béierbrauer am Pafendall bliwwen, duerno ass hien an de Gronn geplënnert, wou hien den 28. Mäerz 1759 gestuerwen ass.[6]

Pater an Abt zu Iechternach[änneren | Quelltext änneren]

Den Emmanuel Limpach ass 1746 an d'Iechternacher Benediktinerklouschter agetrueden (Profess de 7. Februar). 1748 gouf hien zum Priister geweit, an nom Doud vum Abt Michael Hormann, gouf hie 1775 Abt vun der Abtei Iechternach.[7]

An den éischte Jore vu senger Amtszäit huet de Limpach déi "Al Schmëtt" genannt Schmelz, déi d'Abtei bei Bollenduerf hat, opginn a si duerch en neit Wierk, dat tëscht 1776 a 1779 op der Weilerbaach (um lénksen Ufer vun der Sauer) gebaut gouf, ersat. 1780 koum nach eng somptuéis Summerresidenz, d'Weilerbaacher Schlass, dobäi.[4]

Am Joer 1779 huet de Limpach dem Tréierer Domprobst Wilderich von Walderdorf (1739-1810)[8] den Domaine Niederkerich bei Tréier, deen d'Abtei 1641 dem Grof Johann Arnold vu Manderscheid-Blankenheim (1606–1644)[9] ofkaaft hat, verkaaft. De Probst huet déi al Buerg ofrappe gelooss an op hirer Plaz d'Schlass Monaise (= fr.: Mon Aise)[10] mat sengem Park baue gelooss. Mat de Sue vum Verkaf huet de Limpach e grousse Wäindomaine zu Graach op der Ënnermusel opkaaft.[11]

Als Abt war de Limpach staark controverséiert, dat bei de Pateren aus senger Abtei[12] grad sou gutt wéi bei de Bierger vun der Stad Iechternach.[13] Och mam Schultheiss Théodore Lorent louch hien am Clinch.[14]

De Limpach gouf den 8. September 1793 um Kierfecht vun der Stad Iechternach, baussen der Stadmauer, begruewen.[15] Hie war den éischten Abt vun der Abtei, deen net an der Abteikierch oder op d'mannst um urale Kierfecht virum Portal vun der Kierch, huet kënne bäigesat ginn, well laut engem Edikt vum Keeser Joseph II. vu 1784 d'Begriefnesser nëmmen nach um offizielle Kierfecht, dee bausse vum Wunngebitt huet misse leien, erlaabt waren.[16]

De Wopen op enger Paart am Gaart vum Schlass Weilerbach.

Dem Abt Limpach säi Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Op dem Emmanuel Limpach sengem Wopen ass eng Postillonstroter mat dräi Stären an e Päerd mat engem Suedel, dat spréngt, ze gesinn.

Dëse Wopen ass iwwer dem Agank vum Schlass Weilerbaach an an der Eisendier fir an de Gaart vum Schlass ze gesinn.[17]

An der moderner Heraldik fënnt een déi heite Beschreiwung: De gueules à la fasce ondée d'argent surmontée d'un grêlier ou cor de postillon contourné et de trois étoiles à 8 rais deux accostant le grêlier la troisième dans la boucle de l'instrument accompagnée en pointe d'un cheval courant sellé.[18]

D'Postillonstroter an d'Päerd hu wuel eppes mat dem Numm vum Limpach senger Mamm ze doen, déi aus enger Posthalterfamill koum an déi dohier de Familljennumm “Post“[19] gedroen huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bour, R., 2000. Portraits: Wer ist wer in Luxemburg? Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 317 S.
  • Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Zweite Hälfte des zweiten Teiles, begreifend den Zeitraum 1298-1797. Dritter Teil: Spezialgeschichte Echternacher Baudenkmäler. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 259 S.
  • Colljung, P., 1992. Abt Emmanuel Limpach: Bauherr von Schloß Weilerbach, Schmittherr und Industrieller. In: Heimatkalender 1993 Landkreis Bitburg-Prüm, S. 70-74.
  • Colljung, P., 1998. Zwei Jahrhunderte Auf- und Niedergang der Echternacher Eisenindustrie auf der Bollendorfer Altschmiede in Weilerbach. In: Heimatkalender 1999 Landkreis Bitburg-Prüm, S. 164-173.
  • Colljung, P., 2000. Limpach, Emmanuel, Benediktinerabt. In: H. Monz (Hrsg.): Trierer Biographisches Lexikon. WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, S. 266.
  • Colljung, P., 2010. Emmanuel Limpach: Abt, Schlossherr und Industrieller. In: Verbandsgemeinde Irrel, Stadt Echternach & Deutsch-Luxemburgischer Naturpark (Hrsg.): Unter dem Doppeladler. Zeitreisen im Deutsch-Luxemburgischen Naturpark. Luxembourg, Éditions Saint-Paul, S. 217-218 (zusammengefasst von Sarah Nußbaum).
  • Colljung, P., 2011. Emmanuel Limpach: Schlossherr, Abt und Industrieller… der Mann, der Schloss Weilerbach bei Bollendorf bauen ließ. (1722 - 1793 / Amtszeit ab 1775). Online.[4] (download: 23.07.2011)
  • Eichhorn, A., J. Maertz & P. Medernach, 1977. Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise. Table générale 1895-1973. Luxembourg, Sankt-Paulus-Druckerei, 112 S.
  • Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 2274 S.
  • Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder. Bd. 5. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, 392 S.
  • Spang, P., 1982a. Ein Pfaffenthaler war der letzte Abt von Echternach: Emmanuel Limpach (1775-1793). In: 125 Jor Sang a Klang. Chorale "Sang a Klang" Pfaffenthal. Luxembourg, S. 96-105.
  • Spang, P., 1982b. Die letzte Abtwahl in Echternach. In: Die Warte, Luxemburg, 35(1982), Nr. 13 (22. April), S. 2.
  • Spang, P., 1982c. Abt Emmanuel Limpach und die Echternacher Bürger. In: Die Warte, Luxemburg, 35(1982), Nr. 14 (29. April), S. 2.
  • Spang, P., 1982d. Der Echternacher Abt Emmanuel Limpach und seine Mönche. In: Die Warte, Luxemburg, 35(1982), Nr. 15 (6. Mai), S. 2.
  • Spang, P., 1982e. Theodor Lorent oder die Aufklärung in Echternach. In: Die Warte, Luxemburg, 35(1982), Nr. 32 (9. Dezember), S. 2.
  • Sprunck, A., 1933. L'abbé Emmanuel Limpach et les bourgeois d'Echternach. In: Ons Hémecht 1933, S. 10-15.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Flies 1970, S. 535; Spang 1982a. — Colljung 2000 gëtt d'Joer 1722 als Gebuertsjoer un, ouni den Dag ze preziséieren.
  2. Eichhorn et al. 1977, S. 93; Bour 2000, S. 127s. — De Brimmeyr 1923, S. 111, an de Spang 1982a, S. 104, ginn net un, wou de Limpach gestuerwen ass, méiglecherweis well et fir si sous-entendu war, datt hien zu Iechternach an der Abtei verscheed ass.
  3. Colljung 1992, S. 73, 2000, 2010, S. 218. — De Gregor Spedener (Die im Luxemburger Land lebten und webten, 1937, S. 50) huet dem Limpach säi Stierfdag iertemlecherweis op de 6. September 1798 verluecht, an den Evy Friedrich op den 8. September 1798 (Kalennerblieder, Bd. 4, 1985, S. 263).
  4. 4,0 4,1 Brimmeyr 1923, S. 107-111.
  5. Flies 1970, S. 533, 534, 535.
  6. Flies 1970, S. 535; Spang 1982a, S. 99.
  7. Spang 1982a, Spang 1982b.
  8. Kuck: Philipp Franz Wilderich Nepomuk Graf von Walderdorf
  9. Généalogie de Carné: Manderscheid (von), Johann Arnold comte de Manderscheid-Blankenheim. [1]
  10. Kuck: Schloss Monaise
  11. Brimmeyr 1923, S. 108.
    Müller, M.F.J., 1834. Topographisch-historische Kunde über das Schloß Monaise. In: Treveris, 1. Jg., Nr. 16, S. 2-3.
  12. Spang 1982d.
  13. Sprunck 1933, Spang 1982c.
  14. Spang 1982e.
  15. Spang 1982a, S. 104.
  16. Brimmeyr 1923, S. 111, 186-188.
    Kuckt och:
    A. Schon: Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800. Heft 3. Esch/Alzette 1956, S. 78-79.
    Landesmuseum Niederösterreich: Personen-Lexikon: Kaiser Joseph II.: Begräbnisvorschriften Josephs II. [2]
  17. Bernhard Peter: Heraldik. Namensregister: Limpach (Abt Echternach); Photos schöner alter Wappen, Nr. 898; Bollendorf (Sauer): Schloß Weilerbach. [3]
  18. Daniel Erpelding al. wiesel Gearchiveerd op 2012-01-18. Gekuckt de(n) 2011-07-25.
  19. Flies 1970, S. 535.