Michel Hormann

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Michael Hormann)
Michel Hormann
Gebuer 1691
Ettelbréck
Gestuerwen 29. Januar 1775
Iechternach

De Michel (Michael) Hormann, 1691 zu Ettelbréck gebuer an den 29. Januar 1775 zu Iechternach gestuerwen, war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 71. Abt vun der Iechternacher Abtei (1751-1775).[1]

Den Abt[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Hormann huet zu Tréier Philosophie studéiert. 1711 huet hie seng Profess an der Iechternacher Abtei ofgeluecht. De 17. August 1751 ass hien eestëmmeg zum Abt vun der Abtei gewielt ginn.[1]

D'Relatiounen tëscht der Abtei an der Biergerschaft waren net ëmmer déi bescht, an och ënner dem Abt Hormann koum et zu engem Konflikt, well d'Abtei Wäin a Branntewäi méi bëlleg verkaaft huet, wéi d'Bierger vun der Stad dat maache konnten.[2]

En Dokter an en Apdikter[änneren | Quelltext änneren]

Ganz am Sënn vu sengem Virgänger, dem Abt Grégoire Schouppe, deen eng Infirmerie an eng Apdikt ageriicht hat, huet den Abt Hormann zwéin Novizen, de Cosmas Becker (1664-1790)[3] an den Damien Lenz[4], ob d'Universitéit vu Louvain geschéckt, fir do Medizin ze studéieren, an dono an der Abtei ze praktizéieren[1], de Brudder Cosmas warscheinlech éischter als Pharmazeut an de Brudder Damien éischter als Medezinner.

Eng Strooss[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Iechternach huet dem Hormann eng Strooss dediéiert: "rue Michel Hormann".[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1999. Personnagen: Michel Hormann. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 20 (29. Januar), S. 17.
  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. (71. Abt: Michael Hormann, 1751–1775: S. 105-107).
  • Kugener, Henri, 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Eigenverlag, Luxemburg. Band 1 (A-G): 1-652, Band 2 (H-R): 653-1342, Band 3 (S-Z): 1343-1757, 2-23, [1].
  • Sprunck, Alphonse, 1955. Religieux et bourgeois d'Echternach sous l'abbé Michel Hormann (1751-1775). Die Warte 1955-05-25, S. 3. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Brimmeyr 1921, S. 105-107.
  2. Sprunck 1955.
  3. Kugener 2005, S. 94.
  4. Kugener 2005, S. 948.
  5. Règlement de circulation de la Ville d'Echternach du 14 décembre 2020, p. 137.