Iechternacher Verschéinerungsveräin

Vu Wikipedia

Den Iechternacher Verschéinerungsveräin (Société d'embellissement d'Echternach, Echternacher Verschönerungsverein) ass den Iechternacher Syndicat d'initiative et de tourisme.

1880 gegrënnt[änneren | Quelltext änneren]

Der Iwwerliwwerung no wier den Iechternacher Verschéinerungsveräin ëm 1876, spéitstens 1877 entstanen. Hien huet 1927 seng fofzeg, 1952 seng fënnefasiwwenzeg, 1977 seng honnert an 2012 seng 135 Joer gefeiert. A Wierklechkeet ass de Veräin awer eréischt 1880 gegrënnt ginn.[1] De ganz geneeën Datum ass net kloer beluecht, aus enger Zeitungsnotiz, déi den 21. Juli 1880 geschriwwe gouf,[2] geet awer ervir, datt de Veräi sech an deem Moment scho gebilt hat oder op d'mannst am Gaang war sech ze bilden. Jiddefalls hat do schonn eng éischt Versammlung stattfonnt an den 9. August 1880 war déi zweet[3]. Den 13. August war eng Generalversammlung, wou d'Statuten, déi den 29. August 1880 am "Echternacher Anzeiger" publizéiert goufen, ugeholl gi sinn. Den 10. Oktober 1880 huet de Comité den "directeur général" (Minister) Paul Eyschen, dee sech staark fir den touristeschen Ausbau vun der Iechternacher Géigend agesat huet, offiziell vun der Existenz vum Veräin a Kenntnes gesat. Am éischte Comité waren: Jean-Baptiste Dupont, President; Michel Dondelinger, Vizepresident; Victor Dondelinger, Sekretär; Henri Raach, Caissier; Louis Baldauf, A. Reinstadler, Joseph Speck, Memberen.[4]

Éischt Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Den Iechternacher Verschéinerungsveräin, deen den éischten "Syndicat d'initiative" zu Lëtzebuerg war, huet sech direkt druginn an huet nach am Laf vum Joer 1880 de Bau vun engem Pavillon um "Trooskneppchen" an d'Wee geleet, 1881 huet hien d'Promenade vum “Trooskneppchen” duerch d'Wollefsschlucht bis an d'Äsbech ugeluecht.[1]

1901 huet den Iechternacher Verschéinerungsveräin zesumme mat der "Ortsgruppe Bollendorf" vum "Eifelverein" op der däitscher Säit d'Liborius-Kapell um Ernzerbierg, déi an der Zäit vun der franséischer Revolutioun zerstéiert gi war, no engem Plang vum Lëtzebuerger Staatsarchitekt Karl Arendt nei opgebaut.[1]

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

D'Presidente vum Verschéinerungsveräi waren (Dauer vum Mandat a Klameren):[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Massard 2012.
  2. Luxemburger Wort 1880, Nr. 172 (24. Juli): 2. [1] Cf. Massard 2012.
  3. Echternacher Anzeiger 1880, Nr. 65 (12. August): 1.
  4. Spang 1977, Massard 2012.
  5. Besenius & Calteux 1977, Massard 2012.
  6. No der Demissioun vum Jos. Haller, war kee Member vum Comité bereet, President ze ginn; de 77 Joer ale Vizepresident August Dondelinger huet dem Sekretär J. Limpach d'Leedung vum Veräin iwwerlooss, soudatt de Limpach also de facto President ff. war, an net den A. Dondelinger, deen et eigentlech als Vizepresident hätt misse sinn (Massard 2012).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]